Kurt Laves

däitsch-US-amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Kurt Laves, gebuer am Joer 1866, a gestuerwen de 25. Mäerz 1944, war en däitsch-US-amerikaneschen Astronom.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

De Laves hat Astronomie zu Berlin studéiert (Ofschloss 1891) a koum 1893 an d'University of Chicago, wou hie 1897 Instructer gouf, 1901 Professerassistent an 1908 bis zu senger Emeritéierung 1932 war hie Associate Professor fir mathematesch Astronomie. Hien huet meeschtens um Gebitt vun der Himmelsmechanik geschafft, speziell huet hie Rendez-vouen am System Äerd-Mound ënnersicht.

Säi Jong, de Walter Hermann Carl Laves (1902-1983), war en héijen US-Beamten (ë. a. Deputy Director General der UNESCO vun 1947 bis 1950) a Professer fir Politikwëssenschaft an der Indiana Universitéit. E weidere Jong, de Gerhardt Kurt Laves (1906 bis 1993) war Anthropolog, dee sech mat de Sprooche vun australeschen Aborigines an den Navajos beschäftegt huet.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Referenz

  • Donald Osterbrock Yerkes Observatory, S.163
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads