Lee Marvin

US-amerikanesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Lee Marvin
Remove ads

De Lee Marvin, gebuer als Lamont Waltman Marvin Jr den 19. Februar 1924 zu New York, a gestuerwen den 29. August 1987 zu Tucson am Arizona, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
De Lee Marvin (1980)

An den 1950er Jore war de Lee Marvin haaptsächlech an Niewerollen ze gesinn. Ufank den 1960er Jore krut hie Rollen a wichtege Filmer wéi am Western The Man Who Shot Liberty Valance (1961) vum John Ford an am Kriminalfilm The Killers (1964) vum Don Siegel. Mat senger Roll als versoffene Revolverheld am Film Cat Ballou (1964) vum Elliot Silverstein verdéngt hie sech en Oscar als beschte Schauspiller. Säi gréisste Succès hat hien dunn awer als Major. Reisman am Krichsabenteuerfilm The Dirty Dozen (1967) vum Robert Aldrich. Am Film Point Blank (1967) engem äiskale Thriller vum John Boorman spillt hien de Walker, dee mat alle Mëttele versicht säi Geld erëmzekréien, dat him seng fréier Komplizen ofgeholl haten.

Remove ads

Filmographie

Kino

vun 1951 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

  • 1971: Pocket Money - Regie: Stuart Rosenberg - Haaptacteuren: Paul Newman
  • 1972: Prime Cut - Regie: Michael Ritchie - Haaptacteuren: Gene Hackman, Sissy Spacek
  • 1973: Emperor Of The North Pole - Regie: Robert Aldrich - Haaptacteuren: Ernest Borgnine, Keith Carradine
  • 1973: The Iceman Cometh - Regie: John Frankenheimer - Haaptacteuren: Fredric March, Robert Ryan
  • 1974: Klansman - Regie: Terence Young - Haaptacteuren: Richard Burton, Cameron Mitchell
  • 1974: The Spikes Gang - Regie: Richard Fleischer - Haaptacteuren: Gary Grimes, Ron Howard
  • 1975: Shout At The Devil - Regie: Peter Hunt - Haaptacteuren: Roger Moore, Ian Holm
  • 1976: The Great Scout And Cathouse Thursday - Regie: Don Taylor - Haaptacteuren: Oliver Reed, Robert Culp
  • 1978: Avalanche Express - Regie: Mark Robson - Haaptacteuren: Robert Shaw, Maximilian Schell
  • 1979: The Big Red One - Regie: Samuel Fuller - Haaptacteuren: Mark Hamill, Robert Carradine

vun 1980 bis 1986

Remove ads

Auszeechnungen

  • 1965: Festival vu Berlin - Silberner Bär als beschte Schauspiller am Film Cat Ballou.
  • 1966: Oscar als beschte Schauspiller an enger Haaptroll am Film Cat Ballou.

Literatur

  • Robert J. Lentz: Lee Marvin. His Films and Career. McFarland, Jefferson, NC 2000, ISBN 0-7864-0723-9.

Um Spaweck

 Commons: Lee Marvin – Biller, Videoen oder Audiodateien


Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads