1924
Joer From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1924.
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1920 |
1921 |
1922 |
1923 |
1924
| 1925
| 1926
| 1927
| 1928
| ►
| ►►
Evenementer
Europa
- 25. Mäerz: Griicheland gëtt eng Republik.
- 4. Mee: Bei der Wal fir de Reichstag an Däitschland gewannen déi republikfeindlech radikal Parteien (Kommunisten an Nationalsozialisten) vill Sëtz.
- 7. Dezember: Op en Neits Reichstagswal; déi Kéier verléieren déi extreem riets a lénks Parteien.
Lëtzebuerg
- 25. Mee: Den Haile Selassie I. vun Ethiopien ass op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg.
- D'Action féminine gëtt gegrënnt.
Afrika
Amerika
USA
- 2. Juni: D'Indianer an de Vereenegte Staate ginn als vollberechtegt US-Bierger unerkannt.
- 4. November: Bei de Presidentschaftswale gëtt de Calvin Coolidge a sengem Amt confirméiert.
Südamerika
Asien
- 26. November: D'Mongolesch Volleksrepublik gëtt gegrënnt.
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Remove ads
Konscht a Kultur
Molerei
Literatur
Musek
Wëssenschaft an Technik
- Zu Berlin ass déi éischt Funkausstellung.
Sport
- 13. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert doheem 1:2 géint Frankräich. De Gol fir Lëtzebuerg schéisst den Albert Massard.[1]
- 25. Januar: Zu Chamonix (Frankräich) ginn déi éischt Olympesch Wanterspiller ofgehalen.
- 4. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Arel géint d'Belsch a verléiert 1:2. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Robert Elter geschoss[2]
- 4. Mee: Zu Paräis fänken d'Olympesch Summerspiller un.
- 11. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt um Terrain vun der Spora 2:1 géint d'Belsch. D'Goler fir Lëtzebuerg huet de François Langers geschoss.[3]
- 29. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Paräis op den Olympesche Summerspiller 0:2 géint Italien.[4]
- 5. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Mechelen géint d'Belsch a verléiert 1:4. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Léon Lefèvre geschoss.[5]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Paräis géint Frankräich 3:3. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Langers, Albert Massard a Robert Elter geschoss.[6]
Remove ads
Gebuer
- 1. Januar: Jacques Le Goff, franséischen Historiker.
- 1. Januar: Charlie Munger, US-amerikanesche Geschäftsmann.
- 3. Januar: André Franquin, belsche Comic-Zeechner (Gaston Lagaffe).
- 7. Januar: Marcel Welter, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 7. Januar: Anne Vernon, franséisch Schauspillerin.
- 10. Januar: Josy Welter, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- 19. Januar: Jean-François Revel, franséische Philosoph, Schrëftsteller a Journalist.
- 24. Januar: Manlio Scarpelli, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 27. Januar: Rauf Denktaş, zypriotesche Politiker (President vun der Tierkescher Republik Nordzypern).
- 3. Februar: Leslie Stevens, US-amerikaneschen Dréibuchauteur, Filmregisseur a Filmproduzent.
- 6. Februar: Ivo Garrani, italieenesche Schauspiller.
- 8. Februar: Alphonse Nies, lëtzebuergesche Moler.
- 19. Februar: Lee Marvin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Februar: Jean Goldschmit, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 21. Februar: Robert Mugabe, Politiker aus a Staatspresident vu Simbabwe.
- 23. Februar: Claude Sautet, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Februar: Paolo Heusch, italieenesche Filmregisseur.
- 28. Februar: Christopher C. Kraft, US-amerikaneschen Auteur, Erfinder, Ingenieur a Constructeur.
- 29. Februar: Pierre Sinibaldi, franséische Foussballspiller an -trainer an Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.
- 2. Mäerz: Walter Chiari, italieenesche Schauspiller.
- 3. Mäerz: Micheline Dax, franséisch Schauspillerin.
- 8. Mäerz: Jean Serres, lëtzebuergesche Boxer.
- 8. Mäerz: René Allio, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 9. Mäerz: Peter Scholl-Latour, däitsch-franséische Journalist a Publizist.
- 16. Mäerz: Wolfgang Kieling, däitsche Schauspiller.
- 16. Mäerz: Carlo Clasen, lëtzebuergesche Kellereidirekter.
- 18. Mäerz: Giulio Questi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 3. Abrëll: Marlon Brando, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 6. Abrëll: Yannick Bellon, franséisch Film-Cutterin a Filmregisseurin.
- 6. Abrëll: Roger Steffen, lëtzebuergesche Moler.
- 7. Abrëll: Daniel Emilfork, franséische Schauspiller.
- 7. Abrëll: Johannes Mario Simmel, éisträichesche Schrëftsteller.
- 8. Abrëll: Günter Pfitzmann, däitsche Schauspiller.
- 12. Abrëll: Raymond Barre, franséische Politiker.
- 13. Abrëll: Stanley Donen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 15. Abrëll: Neville Marriner, britteschen Dirigent.
- 21. Abrëll: Valère Gustin, belsche Moler.
- 20. Abrëll: Lotty Braun-Breck, lëtzebuergesch Molerin.
- 20. Abrëll: Nina Foch, US-amerikanesch-hollännesch Schauspillerin.
- 20. Abrëll: Leslie Phillips, englesche Schauspiller.
- 23. Abrëll: Ruth Leuwerik, däitsch Schauspillerin.
- 26. Abrëll: Jos Bernard, lëtzebuergeschen Turner.
- 29. Abrëll: Zizi Jeanmaire, franséisch Balletsdänzerin, Schauspillerin a Chansonsängerin.
- 1. Mee: Claudine Dupuis, franséisch Schauspillerin.
- 5. Mee: Edmond Israel, lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier.
- 8. Mee: Georges Lycan, franséische Schauspiller.
- 9. Mee: Jean Girault, franséische Filmregisseur.
- 10. Mee: Maria Mauban, franséisch Schauspillerin.
- 11. Mee: René Spielmann, lëtzebuergesche Moler.
- 11. Mee: Antony Hewish, brittesche Radioastronom a Physik-Nobelpräisdréier.
- 12. Mee: Antoine Weiss, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 14. Mee: Coco Schumann, däitschen Jazzmuseker a Gittarist.
- 15. Mee: Ursula Thiess, däitsch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Mee: Hannes Messemer, däitsche Schauspiller.
- 19. Mee: Léon Lambert, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Zwangsrekrutéierten.
- 19. Mee: Laurent Schmit, lëtzebuergeschen Architekt.
- 21. Mee: Marie-Adélaïde, Prinzessin vu Lëtzebuerg.
- 22. Mee: Charles Aznavour, franséische Chansonsänger a Schauspiller.
- 23. Mee: Karlheinz Deschner, däitsche Schrëftsteller an Auteur.
- 24. Mee: Constant Gillardin, lëtzebuergeschen Architekt.
- 25. Mee: Heinrich Aigner, däitsche Politiker.
- 25. Mee: René Brück, lëtzebuergeschen Ingenieur, Industriemanager a Russlandkenner.
- 31. Mee: Julien Hoffmann, lëtzebuergesche Sänger a Komponist.
- 5. Juni: Josy Schlang, NS-Affer, leschte lëtzebuergeschen Zäitzeie vun Auschwitz.
- 8. Juni: Jean Schoos, lëtzebuergeschen Historiker.
- 8. Juni: Pierre Cardinal, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 10. Juni: Marcel Poiré, franséisch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 10. Juni: Bernard Borderie, franséischen Dréibuchauteur, Filmproduzent a Regisseur.
- 16. Juni: Robert Diligent, franséische Journalist an Televisiouns-Moderateur.
- 16. Juni: Faith Domergue, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. Juni: Fernand Lorang, lëtzebuergeschen Auteur a Lokalhistoriker.
- 18. Juni: Rolf von Sydow, däitsche Filmregisseur.
- 20. Juni: Audie Murphy, US-amerikaneschen Zaldot a Filmschauspiller.
- 21. Juni: Marga López, argentinesch-mexikanesch Filmschauspillerin.
- 24. Juni: Colette Richard, franséisch Schauspillerin.
- 25. Juni: Sidney Lumet, US-amerikanesche Regisseur.
- 28. Juni: Christian Barbier, franséisch-belsche Schauspiller.
- 29. Juni: Pierre Simonis, Lëtzebuerger Geschäftsmann.
- 30. Juni: Paul Wagener, lëtzebuergesche Politiker an Zwangsrekrutéierten.
- 1. Juli: Georges Rivière, franséische Schauspiller.
- 4. Juli: Eva Marie Saint, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 11. Juli: Fritz Klein, däitschen Historiker.
- 13. Juli: Donald Edward Osterbrock, US-amerikaneschen Astronom.
- 13. Juli: Jules Gales, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 13. Juli: Michel Constantin, franséische Schauspiller.
- 20. Juli: Frantz Fanon, Psychiater, politesche Militant, Schrëftsteller, a Virdenker vun der Dekolonialiséierung.
- 20. Juli: Lola Albright, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 23. Juli: Massimo Franciosa, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 23. Juli: Sabine Weiss, Schwäizer-Franséisch Fotografin.
- 24. Juli: Bitto Albertini, italieenesche Filmregisseur.
- 29. Juli: Joseph Welter, lëtzebuergesche Keramik-Kënschtler.
- 1. August: Abdullah ibn Abd al-Aziz, Kinnek vu Saudi-Arabien.
- 1. August: Georges Charpak, polnesch-franséische Physiker.
- 3. August: Louis Soulanes, franséische Filmregisseur.
- 5. August: Kéba Mbaye, senegaleesesche Riichter a Sportfonctionnaire.
- 10. August: Martha Hyer, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. August: Jean-François Lyotard, franséische Philosoph a Literaturtheoretiker.
- 14. August: Georges Prêtre, franséischen Dirigent.
- 18. August: Günther Stoll, däitsche Schauspiller.
- 28. August: Joseph Wagener, lëtzebuergesche Beruffsoffizéier.
- 31. August: Harry Meyen, däitsche Schauspiller a Regisseur.
- 2. September: Daniel arap Moi, kenianesche Politiker.
- 5. September: Riccardo Cucciolla, italieenesche Schauspiller.
- 7. September: Michael Burk, däitsche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schrëftsteller.
- 9. September: Rik van Steenbergen, belsche Vëlossportler.
- 9. September: Jane Greer. US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 13. September: Maurice Jarre, franséische Filmmusek-Komponist.
- 16. September: Lauren Bacall, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. September: Gianfranco De Bosio, italieenesche Filmregisseur.
- 16. September: Raoul Coutard, franséische Kameramann a Filmregisseur.
- 18. September: Bert Fortell, éisträichesche Schauspiller.
- 22. September: Kurt Halbritter, däitsche Karikaturist a satireschen Zeechner.
- 22. September: Rosamunde Pilcher, brittesch Schrëftstellerin.
- 28. September: Marcello Mastroianni, italieenesche Schauspiller.
- 29. September: Marina Berti, italieenesch Schauspillerin.
- 1. Oktober: Jimmy Carter, US-amerikanesche Politiker an 39. US-President.
- 1. Oktober: Gerry O'Hara, englesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 10. Oktober: Ludmilla Tchérina, franséisch Schauspillerin, Dänzerin a Molerin.
- 18. Oktober: Georges Géret, franséische Schauspiller.
- 22. Oktober: Jean Bretonnière, franséische Schauspiller a Sänger.
- 30. Oktober: Hubert Curien, franséische Physiker a Fuerschungsminister.
- 1. November: Süleyman Demirel, tierkesche Politiker.
- 2. November: Albert Houssiau, belsche Geeschtlechen a fréiere Bëschof vu Léck.
- 7. November: René Müller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 9. November: Henri Blaise, lëtzebuergesche Journalist an Dichter.
- 12. November: Audouin Dollfus, franséischen Astronom.
- 20. November: Benoît Mandelbrot, franséisch-US-amerikanesche Mathematiker.
- 21. November: Camille Polfer, lëtzebuergesche Professer, Deputéierten a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
- 30. November: Jacques Dacqmine, franséische Schauspiller.
- 3. Dezember: Edwin Salpeter, éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.
- 7. Dezember: Mário Soares, portugisesche Politiker.
- 19. Dezember: Victor Fenigstein, Schwäizer Komponist.
- 19. Dezember: Gust Graas, lëtzebuergesche Medie-Manager a Moler.
- 19. Dezember: Michel Tournier, franséische Schrëftsteller.
- 19. Dezember: Cicely Tyson, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 20. Dezember: Friederike Mayröcker, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 25. Dezember: Atal Bihari Vajpayee, indesche Politiker.
Remove ads
Gestuerwen
- 20. Januar: Martin Blum, lëtzebuergesche Paschtouer an Historiker.
- 21. Januar: Wladimir Iljitsch Uljanow, russesche Revolutionär (Lenin).
- 24. Januar: Marie-Adélaïde, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
- 31. Januar: Émile Mouris, belschen Architekt.
- 3. Februar: Woodrow Wilson, 28. President vun den USA.
- 7. Februar: Charles Behm, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 12. Februar: Albert Thill, lëtzebuergeschen Architekt.
- 13. Februar: Georges Weyer, lëtzebuergeschen Turlatäinspiller.
- 19. Abrëll: Pierre Federspiel, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 22. Abrëll: Michel Welter, lëtzebuergesche Politiker.
- 4. Mee: Paul Ulveling, lëtzebuergesche Riichter a Member vum Staatsrot.
- 3. Juni: Franz Kafka, Schrëftsteller.
- 14. Juni: Émile Claus, belsche Moler.
- 3. August: Joseph Conrad, polnesch/brittesche Schrëftsteller.
- 12. Oktober: Anatole France, Schrëftsteller, Literatur-Nobelpräis 1921.
- 21. Oktober: Mathias Glaesener, lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.
- 3. November: Alexis Brasseur, lëtzebuergeschen Industriellen, Affekot a Komponist.
- 4. November: Gabriel Fauré, franséische Komponist.
- 12. November: Edmund Dene Morel, brittesche Journalist a Pazifist.
- 29. November: Giacomo Puccini, Komponist.
- 7. Dezember: Rudolph Bergh, dänesche Komponist.
- 7. Dezember: William Henry Finlay, südafrikaneschen Astronom.
- 23. Dezember: Mathias Kraus, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Libraire.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: 1924 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads