Leitplank
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Eng Leitplank ass eng Zort Barriär laanscht Stroossen, besonnesch a Kéieren a laanscht Autobunnen, aus Stol oder Aluminium, déi dozou déngt, datt Gefierer net kënne vun der Strooss ofkommen, oder net op déi Bunn, déi entgéintkënnt, geroden.


Well dacks Motocyclisten, déi an enger Kéier ausrutschen, ënner d'Dunn vun der Leitplank gerode sinn, goufe Panneauen entworf a fabrizéiert, déi dat verhënneren.
Remove ads
Zu Lëtzebuerg goufe speziell Leitplanke vun der ARBED entwéckelt, GLADU genannt (GL=Glaesener, A= Arbed, DU= Dudelange), déi mat engem Spezialschaum gefëllt waren, an doduerch de Choc sollte besser opfänken. D'Erfindung déi ënner der Direktioun vum Ernest Glaesener weiderentwéckelt gouf, huet sech awer net konnten duerchsetzen. Si haten dem Ingenieur Ernest Glaesener, e gebiertege Réidener a fervente Foussballist, de Spëtznumm Leitplanken-Erni abruecht.
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Guardrails – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
