Leukozyt

wäiss Bluttkierpercher From Wikipedia, the free encyclopedia

Leukozyt
Remove ads

Leukozyten oder Leucocyten, ëmgangssproochlech och wäiss Bluttkierpercher genannt, si Bluttkierpercher mat engem Zellkär.

Thumb
Déi verschidden Typpe Leukozyten (op Englesch).

Si kommen am Kierper vun de Wierbeldéiere vir a representéieren nëmmen e klenge Brochdeel vun alle Bluttzellen: op all Leukozyt kommen Honnerte rout Bluttkierpercher (Erythrozyten), also Bluttzellen ouni Zellkär. Am Géigesaz zu de roude Bluttkierpercher hu Leukozyten net de roude Faarfstoff Hemoglobin.

Wäiss Bluttkierpercher si wichteg Bestanddeeler vum Immunsystem, deen de Kierper viru Krankheete schützt. Dowéinst gi si och Immunozyten oder Immunocyten (Immunzellen) genannt. Si spillen och eng Roll bei enger Rei allergesche Reaktiounen. Am Schnëtt hu si eng méi laang Liewensdauer wéi déi rout Bluttkierpercher.

All déi wäiss Bluttkierpercher ginn am Réckemuerch, an de sougenannten hematopoeteschen Stammzelle produzéiert.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Leukozyt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads