Libellen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Libellen
Remove ads

Libellen (Odonata) sinn eng Uerdnung an der Klass vun den Insekten (Insecta). Weltwäit si ronn 4700 Aarte vu Libelle bekannt.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Systematik vun de Libellen.

Remove ads

Libellen zu Lëtzebuerg

2006 konnten enger Studie vum Roland Proess no, 62 Libellenaarten zu Lëtzebuerg nogewise ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Libellen zu Lëtzebuerg.

Nimm

"Waasserjoffer" a "Spéngelschësser" sinn déi (nieft Libell) gängest lëtzebuergesch Bezeechnungen fir dës Insektenuerdnung. Variante vu "Waasserjoffer" si Joffer, Waasserfra, -frächen, -mamm, -nënnchen, -popp, oder -pippelchen. Dem Luxemburger Wörterbuch no géifen s'esou differenzéiert: "déi eng [d.h d'Spéngelschësser] si méi kleng, ganz dënn, bal wéi eng Spéngel mat engem décke gliese Kapp, a si hun eng Faarf, wéi wa s'aus Stol wieren — déi aner [d'Waasserjofferen] si vill méi grouss a méi déck, mat engem frääschleche Kapp, mat gréngelzege Flillécken a mat engem gielzeg grénge Bauch."[1]

Remove ads

Literatur

Um Spaweck

 Commons: Odonata – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Lemma "Joffer" am Luxemburger Wörterbuch" op engelmann.uni.lu; nogekuckt 06.07.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads