Liichtspektrum

From Wikipedia, the free encyclopedia

Liichtspektrum
Remove ads

De Liichtspektrum oder och Faarfspektrum ass

  • den Deel vum elektromagnéitesche Spektrum, deen ouni technesch Hëllefsmëttel iwwer d'A net gesi ka ginn. Weider Bezeechnunge fir de Liichtspektrum an deem Sënn sinn de siichtbare Spektrum, de visuelle Beräich (kuerz VIS oder och VIS-Beräich genannt).
  • Op e Géigestand bezunn, ass et deem seng charakteristesch Zesummesetzung vun den emittéierten oder reflektéierte Spektralfaarwen (beispillsweis "Liichtspektrum vun engem Stär"). Dogéint steet den allgemenge Liicht-Begrëff ëmgangssproochlech fir de visuellen Deel vun der Stralung vun enger Liichtquell (vgl. z. B.: Dagesliicht, Konschtliicht, Sonneliicht, Moundliicht), an nëmme bei kontextofhängege relevanten Eegenschaften (wéi Faarf oder Hellegkeet), an ass domat kee Synonym fir Liichtspektrum.
Thumb
Illustratioun vum Spektrum vun den elektromagnéitesche Welle
Méi Informatiounen Faarf, Wellelängt an nm ...

De Wellelängteberäich vum Liichtspektrum reecht vun ongeféier 380 bis 780 nm,[1] engem Frequenzberäich vun zirka 3,8  1014 bis 7,9  1014 Hz entspriechend. Ugrenzend un dee fir de Mënsch visuelle Liichtspektrum ass am elektromagnéitesche Spektrum den UV-Beräich bei méi kuerzen, an den IR-Beräich bei méi laange Wellelängten, déi deelweis vun anere Liewewiese gesi kënne ginn (kuckt och Spektralfaarwen).

De siichtbare Liichtspektrum ass d'Unheefung vun alle vum A ënnerscheedbaren, monochromatesche Spektralfaarwen. Ouni optesch Hëllefsmëttel (wéi z. B. engem Prisma) sinn déi Faarfkomponente vun engem Spektrum am Zesummenhank beispillsweis an engem Reebou oder an der Spigelung vu geeegentem wäisse Liicht op enger CD-Uewerfläch observéierbar.

Géigestänn ginn hire Liichtspektrum als eng Kombinatioun vu villen ënnerschiddlech staarken Eenzelfaarwen of, déi am A vum Obsevateur zu enger Mëschfaarf konsolidéiert gëtt.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

  • Faarfaart
  • Hellempfindlechkeetsbou

Referenzen

  1. DIN 5031 - Teil 7: Strahlungsphysik im optischen Bereich und Lichttechnik - Benennung der Wellenlängenbereiche. Januar 1984.
    Anmerkung (inhaltlich aus der DIN 5031 - Teil 7): Benachbarte Spektralbereiche des sichtbaren Spektrums können bei hoher Strahldichte sichtbar sein. Farbmessungen sollten daher den Bereich bis 830 nm berücksichtigen (siehe DIN 5033 Teil 2: Farbmessung, Normvalenz-Systeme). Bei extrem hohen Strahldichten kann es notwendig sein, den Messbereich bis ins UV-A oder IR-A zu erweitern.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads