Carl von Linné

schweedeschen Naturfuerscher From Wikipedia, the free encyclopedia

Carl von Linné
Remove ads

De Carolus Linnaeus oder Carl Nilsson Linnaeus, an nodeem en am Joer 1762 geadelt gouf, Carl von Linné, gebuer den 23. Mee 1707 zu Råshult a Südschweden, a gestuerwen den 10. Januar 1778 zu Uppsala, war e schweedeschen Naturfuerscher.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Hien huet d'Taxonomie, eng binär Nomenklatur, agefouert an huet domat d'Grondlag geschaf vun der botanescher Fachsprooch. Hien huet de Linné-System vum Planzeräich agefouert.

Remove ads

Liewen

De Carl Linnaeus huet seng Medezinstudien op der Universitéit zu Lund ugefaangen. Et huet dunn awer op d'Universitéit vun Uppsala gewiesselt, well do d'Botanik, säi Liblingsfach, méi grouss geschriwwe gouf. Wärend sengem Studium huet hien eng Expeditioun a Lappland gemaach, wou hien d'Planzewelt do méi genee studéiere konnt.

Wéinst dem villen Duercherneen, deen an der Andeelung vun der Planzewelt war, huet hien ugefaangen en eegene System z'entwéckelen. Dës Systematik huet hien a sengem Wierk, dem Systema naturae verëffentlecht.

1751 huet hien en zweet Buch erausginn, woudran hie säi System vun den Nimm virgestallt huet. No dësem System ginn haut nach d'Aarte vun de Liewewiese benannt: all Déieren a Planzen hunn en zweedeelegen Numm, wou deen éischten Deel den Numm vun der Gattung an deen zweeten den Numm vun der Aart ass.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Carl von Linné – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads