Lou

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Lou ass d'Schuel vu jonken Eechebeem. E Bësch vu jonken Eechebeem gëtt als "Louheck" (fr: taillis de chêne; de: Eichenniederwald) bezeechent. Fréier ass d'Lou als Gierfstoff bei der Fabrikatioun vu Lieder benotzt ginn.

Thumb
E Louschlëssel

Zu Lëtzebuerg, besonnesch am Éislek, huet e groussen Deel vun de Lafbëscher aus Louhecke bestanen: meeschtens louche s'an den Häng. Ëm 1900 hunn d'Louhecken do nach eng Fläch vu 25.725 ha bedeckt.

D'Lou ass geschlass ginn. Beim Louschläisse gëtt d'Schuel vum Bam mat engem besonneschen Handwierksgeschier, dem Louschlëssel (och Louläffel genannt), vum Splënt lassgeléist. Et war eng haart Aarbecht. De Proprietär krut d'Lou an d'Doléiner d'Holz.

Deen, dee sech seng Sue mam Schläisse vun der Lou verdéngt huet, gouf Louschläisser genannt.

D'Lou ass net nëmmen an de Lëtzebuerger Gierwereie benotzt ginn (am Joer 1811 gouf et 66 Gierwereien), mä se gouf och exportéiert, op Eisebunnswaggonen, haaptsächlech vun Ettelbréck aus.

D'Lou huet vum Ufank vum 20. Joerhonnert un d'Konkurrenz vun der Schuel vun de Quebrachobeem (Schinopsis lorentzii) aus Südamerika ze spiere kritt. An duerno sinn ëmmer méi cheemesch Salzer bei der Liederfabrikatioun benotzt ginn. 1947 goufen nach 7.810 Tonne Lou produzéiert, 1969 waren et der nach just 484. 1991 war mat 65 Tonnen en éischten Déifstand, bis 2003 ass d'Produktioun dann erëm bis ongeféier 200 Tonnen eropgaangen.[1]

Remove ads

An de leschte Joren ofgeliwwert Lou

Méi Informatiounen Joer, kg ...

D'Lou gëtt all un auslännesch Gierwereie verkaaft.[2]

Den Ausdrock "Fir Lou"

Dem Fernand Theato no hätt d'Expressioun "fir Lou" säin Urspronk an de fréiere Gierwereien. Wann d'Lou geliwwert gouf, war et de Gebrauch, datt de Meeschter deenen déi d'Lou bruecht hunn, eng oder méi Tournéeën zum Beschte ginn huet. D'Expressioun "fir Lou" huet am Volleks­mond ganz einfach de Sënn kritt "fir näischt". Deen hautdesdaags geleefegen Ausdrock "fir lau" ass ofgeleet a spigelt net méi de Sënn vu fréier erëm.[3]

Remove ads

Literatur

  • Théato, Fernand, 2001. D'Loubridder. S. 174-177 in: Fanfare grand-ducale de Clausen - Livre d'or du 150e anniversaire 1851-2001. 327 S. Imprimerie Saint Paul SA. ISBN 2-87996-941-7. PDF

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Lou – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Quell: Administration des eaux et forêts, 2004. Brochür: d'Louhecken zu Lëtzeburg.
  2. Quell: Kiischpelter Holzhacker Sàrl.
  3. Quell: Théato 2001 an der Literatur.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads