Luc Decker

lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik, Auteur an Diplomat. From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Luc Decker, gebuer den 3. Mäerz 1977, ass e fréiere lëtzebuergesche Schwëmmer an Olympionik[1], Auteur an Diplomat.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hien huet Lëtzebuerg bei den Olympesche Summerspiller 2000 zu Sydney vertrueden.

No sengem Politik-Studium op der Universitéit Paris I Panthéon-Sorbonne (bis 2003) ass de Luc Decker 2005[2] an de Wirtschaftsministère schaffe gaangen. Hie war do Attaché de gouvernement 1er en rang an ë. a. zoustänneg fir d'Relatioune mat der Press. Haut (2018) ass hien Direkter vum Luxembourg Trade & Investment Office (LTIO) zu Shanghai, an och do Generalkonsul vu Lëtzebuerg[3].

Hien ass parteipolitesch an de Reie vun der LSAP aktiv. 2011 huet hie seng Master-Aarbecht vun 2003, iwwer d'Strukturéierung vun der politescher Landschaft am Lëtzebuerger Land, publizéiert.

Remove ads

Publikatiounen

  • La structuration de l'espace politique luxembourgeois - Genèse et institutionnalisation des partis politiques ; Saarbrécken (Éditions universitaires européennes), 2011; ronn 140 Säiten; ISBN 978-613-1-54048-6

Palmarès als Schwëmmer

  • 3. Juni 2003 Lëtzebuerger Rekord am 200 m Papillon op Malta an der Zäit vu 02:04,80

Literatur

  • Jérôme Quiqueret, Du consensus au conflit - La structuration de l'espace publique luxembourgeois ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 6. Oktober 2011; S. 44.
  • tw, Neuerscheinung: "La structuration de l'espace politique luxembourgeois" von Luc Decker - Von der Entstehung eines Systems... ; in: Tageblatt, Ausgab vum 27. September 2011.
  • Jean Rhein, La genèse des partis politiques (I) ; in: Le Quotidien (Rubrique Luxemburgensia), Ausgab vum 29. September 2011.
  • Jean Rhein, Dans la recherche de l'autonomie (II) ; in: Le Quotidien (Rubrique Luxemburgensia), Ausgab vum 30. September 2011.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Direction Shanghai pour Luc Decker op paperjam.lu den 13. Mäerz 2013, fir d'lescht gekuckt de 25. November 2018
  2. Audience au Palais grand-ducal des directeurs du LTIO op monarchie.lu den 1. Juni 2018, fir d'lescht gekuckt de 25. November 2018
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads