Luc Emering

lëtzebuergesche Agraringenieur a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Luc Emering, gebuer den 13. Juli 1996[1], ass e lëtzebuergeschen Agraringenieur a Politiker (DP).

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Remove ads

Formatioun a Karriär

No senger Première am Lycée Michel Rodange huet de Luc Emering op der Technische Hochschule Bingen[2] säi Bachelor of Science (B. Sc.) an der Agrarwirtschaft gemaach[3].

Hie bedreift zesumme mat sengen Elteren zu Sprénkeng de Bioshaff „Dudel-Magie” deen op d'Zille vu Poulete spezialiséiert ass[4]. A senger Fräizäit restauréiert hien al Trakteren[3].

Politesch Karriär

De Luc Emering ass zanter 2016 Member an der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Süden asbl an zanter 2018 Member am Nationalkommitee vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren[5]. Vun 2020 u war hien – zesumme mat der Angèle Mersch – Copresident vun där Asbl[3]. Uganks 2023 huet hien dee Posten opginn[6].

Bei de Gemengewalen 2017 gouf hien an de Gemenegrot vun der Gemeng Dippech gewielt[7] a bei deene vun 2023 huet hien et an de Schäfferot gepackt[8].

2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'DP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt[9].

Remove ads

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. (en) Luc Emering. linkedin.com/. Gekuckt den 10.10.2023.
  2. (lb) Virstellung vum neien LLJ-President Luc Emering. Landjugend a Jongbaueren. Gekuckt den 10.10.2023.
  3. (de) Cédric Feyereisen, Interview / Deswegen kommt die Biolandwirtschaft in Luxemburg nur schleppend voran. www.tageblatt.lu (29.06.2023). Gekuckt den 10.10.2023.
  4. (fr) F602 - Modification | Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.. lbr.lu (08.05.2018). Gekuckt den 10.10.2023.
  5. (fr) Législatives 2023: Luc Emering, le jeune agriculteur qui entre à la Chambre. L'essentiel (09.10.2023). Gekuckt den 10.10.2023.
  6. (fr) Dippach - Suffrages. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
  7. (lb) Jéngste KandidatIn: DP: Wien ass de Luc Emering?. www.eldo.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
  8. (fr) Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt den 10.10.2023.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads