Luxembourgit

Mineral From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Luxembourgit ass e Mineral aus der Klass vun den nativen Elementer, mat der cheemescher Zesummesetzung AgCuPbBi4Se8. Säin Numm gouf am Abrëll 2019 vun der Association internationale de minéralogie offiziell festgeluecht.[1] Et krut dësen Numm, well et zu Lëtzebuerg entdeckt gouf.

Beschreiwung

Luxembourgit besteet aus mikroskopesche Kristaller, déi duerchschnëttlech 200 µm (0,2 mm) laang a 5 µm déck sinn[2].

Entdeckung

D'Luxembourgit gouf uganks 2012 bei Biwels, bei Buerunge fir en neie Schacht vun der SEO vun engem wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée, dem Jean-Baptiste Burnet, entdeckt.[3] [4],[5]

Et waren dënn Faseren déi op Dolomitkristaller souzen. Si goufe mat engem Rasterelektronemikroskop a mat Hëllef vun enger energiedispersiver Röntgenspektroskopie ënnersicht. Schonn du stoung fest, datt et ee fir Lëtzebuerg ganz raart Mineral wier. Ufanks gouf ugeholl, et kéint sech ëm Nordströmite, Watkinsonite, Schlemaite oder Litochlebite handelen. Méi grëndlech cheemesch Analyse vum CNR zu Mailand a vun der Universitéit Léck hunn do gehollef, zu der Konklusioun ze kommen, datt et sech net, wéi fir d'éischt ugeholl, ëm Litochlebite géif handelen, mee ëm eng nei Aart. D'Entdeckung gouf dunn, den 30. November 2018, der Commission on New Minerals, Nomenclature and Classification (CNMNC) vun der International Mineralogical Association gemellt. Den 9. Abrëll 2019 huet d'IMA confirméiert, datt dat neit Mineral ënnert dem proposéierten Numm Luxembourgite unerkannt gi wier.[3]

Den Naturmusée versuergt e Referenz-Stuel (Holotyp).

Remove ads

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

  1. Philippo (2019), "La Luxembourgite" an der Literatur.
  2. S. Philippo, F. Hatert, Y. Bruni, Vignol: "Luxembourgite IMA 2018-154", in: Mineralogical Magazine vol.83, p.323-328.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads