Europa (Kontinent)

Kontinent From Wikipedia, the free encyclopedia

Europa (Kontinent)
Remove ads

Europa ass mat enger Fläch vun 10,19 Millioune Quadratkilometer (6,8 % vun der Landfläch vun der Äerd) hannert Australien den zweetklengste Kontinent op der Äerd. E steet awer mat geschate 744.094.971 Awunner (Stand 2025)[2],[3] op der drëtter Plaz wat d'Populatioun pro Kontinent ugeet.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kontinent Europa. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Europa.
Séier Fakten Geographie, Geographesch Lag ...
Thumb
Europa, ëm 814
Thumb
Europa, ëm 1097
Remove ads

Geographie

Europa läit op der westlechster Hallefinsel vun Eurasien.

Dem Kontinent seng Ausdeenung vum Norden an de Süden ass ongeféier 3.800 km laang; vum Ural am Oste bis op d'portugisesch Atlantikküst am Weste sinn et ongeféier 6.000 km.

Am Osten huet de Kontinent keng kloer geographesch oder geologesch Grenz mat Asien. Dowéinst sinn d'„Grenze vun Europa“ eng Fro vun engem sozialen Arrangement. Hautdesdaags gëllt d'Grenz tëscht Europa an Asie gréisstendeels esou wéi de schweedesche Kartograph Philip Johan von Strahlenberg (1677 - 1747) se 1730 festgeluecht hat. No senger Definitioun bilden den Ural (Biergketten) an de Floss mam selwechten Numm d'ëstlech Grenz vun Europa. Tëscht dem Kaspeschen an dem Schwaarze Mier leeft d'Grenzlinn duerch de Manytschbaseng nërdlech vum Kaukasus, well op deem Punkt fréier eng Mieresstrooss d'Kaspescht Mier mam Schwaarze Mier verbonnen huet. Alternativ gëtt d'Grenz och alt laanscht den Haaptkamp vum Kaukasus gezunn; dës Grenzlinn gëtt haaptsächlech an den a englesch- a franséischsproochege Länner privilegiéiert.

Extremitéite vum europäesche Festland

Gewässer

"Top 10" vun de längste Flëss an Europa (wa se op d'mannst deelweis zum europäesche Kontinent gezielt kënne ginn):

Méi Informatiounen Floss, Längt (km) ...

Bierger

Well d'Grenz am Kaukasus net kloer definéiert ass, ass et och ëmstridden zu wat fir engem Kontinent d'Bierger gezielt ginn. Aus deem Grond gëtt et hei drënner zwou Variante vun den "Top 3".

Europa oder Asien?

Méi Informatiounen Bierg, Héicht ...

Europa

Méi Informatiounen Bierg, Héicht ...
Remove ads

Geschicht

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Sproochen

Thumb
Sproochen an Europa

Iwwer 90 Prozent vun der europäescher Bevëlkerung schwätzen indoeuropäesch Sproochen. Am meeschte verbreet si slawesch, germanesch a romanesch Sproochen. Och Griichesch, Albanesch, déi baltesch a keltesch Sproochen, grad ewéi Romani gëllen och als indoeuropäesch Sproochen.

Wann een d'Zuel vun de Mammesproochler kuckt, gëtt am meeschte Russesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Spuenesch, Ukrainesch, Polnesch, Rumänesch an Hollännesch geschwat.

Politik

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ekonomie

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Opdeelung

Geographesch Opdeelung

De Vereenten Natiounen no ass Europa a véier Regiounen opgedeelt[4]:

  • Nordeuropa,
  • Osteuropa,
  • Südeuropa,
  • Westeuropa.

Deels fënnt een och nach Ënnerdeelungen:

  • Nordeuropa, Nordosteuropa, Nordwesteuropa,
  • Osteuropa,
  • Südeuropa, Südosteuropa, Südwesteuropa,
  • Westeuropa,
  • Mëtteleuropa.

Länner

Jee nodeem wéi d'Grenz tëscht Europa an Asie gezu gëtt, ginn et aktuell 46 bis 49 souverän Staaten, déi ganz oder deelweis an Europa leien; d'Zougehéieregkeet vu Georgien an Aserbaidjan, souwéi d'Onofhängegkeet vum Kosovo, sinn net kloer.

Hei drënner stinn deemno fir den europäesche Kontinent:

  • 47 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen (VN) (woubäi net kloer ass, ob Georgien an den Aserbaidjan zu Europa zielen oder net)
  • 1 net-Member: d'Vatikanstad, déi awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) huet,
  • 2 Länner (Kosovo, Transnistrien) deenen hir Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.
Méi Informatiounen Nr, Staat oder Territoire ...

Follgend Staate ginn heiansdo aus historeschen, kulturellen oder politesche Grënn zu Europa gezielt:

  • Armenien: Geschichtlech enk mat Europa verbonnen, chrëschtlech Bevëlkerung mat indoeuropäescher Sprooch a Kultur, Territoire läit geographesch an Asien;
  • Israel: läit geographesch an Asien; bei kulturelle Veranstaltunge gëtt Israel dacks zu Europa gezielt (Foussball-Europameeschterschaft, Eurovision Song Contest);
  • Zypern: Insel am ëstleche Mëttelmier, déi geographesch zu Asie gezielt gëtt; zanter Mee 2004 awer Member an der EU ass.
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (en) 7 Continents of the World. Worldometer. Gekuckt de 06.08.2025.
  2. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (en) 7 Continents of the World. Gekuckt den 19. Juli 2025.
  4. UNSD — Methodology. unstats.un.org (Op der lénker Säit: "Geographic Regions" uklicken). Gekuckt de 06.08.2025.
  5. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  6. (en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“
  7. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads