Madon

From Wikipedia, the free encyclopedia

Madon
Remove ads

De Madon ass e Floss a Frankräich, deen an de Koppe vun der Vôge entspréngt. E leeft vun do aus no Norden duerch d'Departement vun de Vogesen an duerno duerch d'Meurthe-et-Moselle

Thumb
De Madon bei Mirecourt

Dem Madon seng Quell ass um Fouss vum Ménamont, der héchster Kopp vun de Monts Faucilles. Déi éischt Furt um Kiem vu Langres op Donon huet engem Lieu-dit an der Gemeng Escles, dem Void d'Escles, den Numm ginn.

De Madon leeft duerch Bainville-aux-Saules, Mirecourt, Haroué a Pulligny. Nodeem e sech duerch d'Plateaue vum Xantois an dem Vermois gekréngelt huet, leeft en am Südweste vu Nanzeg bei Pont-Saint-Vincent an d'Musel.

Tëscht de Gemenge Bralleville a Marainville-sur-Madon mécht en d'Gemengegrenz, souwéi tëscht den Departementer Meurthe-et-Moselle a Vosges.

Seng Haaptnieweflëss sinn den Illon, d'Gitte, d'Saule, de Val d'Arol, de Colon an de Brénon.

Bei Ambacourt, zwéi Kilometer no Mirecourt, huet sech eng kleng Biberkolonie installéiert.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Madon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads