Maria Cioncan
rumänesch Mëttelstreckeleeferin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Maria Cioncan, gebuer den 19. Juni 1977 zu Maieru a Rumänien, a gestuerwen den 21. Januar 2007 bei Plewen, Bulgarien, war eng rumänesch Liichtathleetin.
D'Maria Cioncan war 2003 rumänesch Landesmeeschterin am 800-Meter-Laf, an 2003 an 2004 war se Landesmeeschterin am 1500-Meter-Laf.
Bei den XXVIII. Olympesche Summerspiller 2004 zu Athen krut se mat hirer perséinlecher Beschtzäit, am 1500-Meter-Laf, d'Bronze Medail hanner der Brittin Kelly Holmes (Gold) an der Russin Tatjana Tomaschowa (Sëlwer). Am 800-Meter-Laf gouf se déi siwent.
Um Heemwee vun engem Trainingslager a Griicheland, ass se den 21. Januar 2007 bei engem Autosaccident déidlech verongléckt.
Remove ads
Beschtleeschtungen
- 800-Meter-Laf: 1:59,44 Minutten (2004)
- 1500-Meter-Laf: 3:58,39 Minutten (2004)
- 3000-Meter-Laf: 8:57,71 Minutten (2002)
Literatur
- Peter Matthews (Hrsg.): Athletics 2006, Cheltenham 2006, ISBN 1899807-34-9
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
