Marie Tesch

lëtzebuergesch Wohltäterin From Wikipedia, the free encyclopedia

Marie Tesch
Remove ads

D'Marie Barbe Joséphine Munchen-Tesch, gebuer den 28. Abrëll 1832[1] a gestuerwen den 1. Juni 1904 zu Wiesbaden[2][3], war eng Duechter vun der Koppel Ferdinand Materne Tesch an Antoinette Zeitz.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Marie Tesch, bestuet Munchen. Fir d'Marie Tesch, bestuet Müller, kuckt wgl. Marie Müller-Tesch.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
Dat roudelzegt Haus op Nr 10 an der Eecher Strooss, d'Heemechtshaus vun der Marie Tesch.
Thumb

Si huet sech de 15. Februar 1854 zu Hesper mam Gustave Munchen bestuet an d'Koppel krut e Bouf, de Fernand, deen de 25. November 1854 gebuer gouf. Duerch en Accident ass hien am Alter vun nëmme 16 Joer, den 29. Dezember 1870 gestuerwen[4].

Als Erënnerung un hiert eenzegt Kand, huet d'Marie Tesch der deemoleger Gemeng Eech e bedeitend Verméige verierft, ë. a. d'Haus 10 an der Eecher Strooss, fir datt do eng Crèche kéint ageriicht ginn[5]. D'Gebai gëtt hautdesdaags nach als Spillschoul benotzt[6].

Iwwert d'Fondatioun Munchen-Tesch déi no hirem Doud gegrënnt gouf, goufen 1924 déi éischt Consultatioune vu Bëbeeën organiséiert[4].

Als Undenken un hir „Wohltäterin“ huet d'Stad Lëtzebuerg 1925 eng Strooss zu Eech no hir genannt: d'Rue Munchen-Tesch[7]; am Joer 2022 goufen d'Virnimm um Stroosseschëld bäigesat, sou datt d'Strooss elo Rue Marie Barbe Joséphine Munchen-Tesch heescht.

Remove ads

Referenzen an Notten

  1. Marie Barbe Joséphine Tesch op www.ancestry.com gekuckt den 20. Mäerz 2022
  2. Annonce vum Doud vun der Marie Tesch an der Obermoselzeitung vum 3. Juni 1904 op eluxemburgensia gekuckt den 20. Mäerz 2022
  3. De Gustave Muchen an La famille MUNCHEN par Louis Wirion - Luxemburgensia onliner geluckt den 20.Mäerz 2022
  4. (fr) Louis Wirion, La famille Munchen. a-z.lu (1949). Gekuckt den 19.03.2022.
  5. (de) Henri Beck, Evy Friedrich, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu (1988). Gekuckt den 19.03.2022.
  6. (de) Evamarie Bange, Stiftungen und Schenkungen an die Stadt und ihre Bürger. onsstad.vdl.lu (2015). Gekuckt den 19.03.2022.
  7. (fr) Ville de Luxembourg, Rue Munchen-Tesch. www.findbuch.net (1925). Gekuckt den 19.03.2022.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads