Maurice Clement

lëtzebuergeschen Organist From Wikipedia, the free encyclopedia

Maurice Clement
Remove ads

De Maurice Clement, gebuer 1972 zu Lëtzebuerg, ass Titularorganist vun der Philharmonie, Titularorganist vun Dikrech a Professer am Conservatoire vum Norden.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hien ass de Jong vum Fotograf Raymond Clement.

Remove ads

Studien an Auszeechnungen

De Maurice Clement huet seng Ausbildung am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen a mat Premiers prix an der Uergel, dem Piano, der Kammermusek an der Musektheorie ofgeschloss. Duerno huet hie weider Uergel, Museksgeschicht a Musektheorie studéiert, vun 1992 bis 1996 beim Jean Ferrard zu Bréissel, a schliisslech beim Jean Boyer zu Lyon.

Donieft huet hie Meeschtercourse besicht bei dem Lorenzo Ghielmi, dem Michael Radulescu an dem Louis Robilliard.

Hien ass och Laureat vum Internationale Gottfried-Silbermann-Concours vun 1997 op historeschen Uergele vu Freiberg (Sachsen).

Remove ads

Aktivitéiten

Nieft senger Aarbecht als Titularorganist vun der Schuke-Uergel an der Philharmonie a vun den Dikrecher Kierchenuergelen hält de Maurice Clement Course fir Uergel an Improvisatioun am Conservatoire vum Norden.

Hien huet Wierker vum Johann Sebastian Bach a vum Carl Philipp Emanuel Bach op CD an DVD-Audio agespillt. Seng CD-Opname mat improviséierter Musek sinn an der Fachpress gelueft ginn.

Am Kader vun internationale Festspiller huet hie Concerte ginn zu Paräis, Lyon, Bréissel, Gent, Léck, Lëtzebuerg, München, Freiberg, Leipzig, Halle, Oederan, Zürich, Prag, Wien, Milstatt, Innsbruck, Kopenhagen a Mailand.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Maurice Clement – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads