Max Hahn

lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Max Hahn
Remove ads

De Max Hahn, gebuer den 30. Abrëll 1981[1], ass e lëtzebuergeschen Elektroingenieur a Politiker (DP). Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an den Accueil an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Remove ads

Biographie

De Max Hahn ass zu Betteng op der Mess opgewuess an ass zu Schuller an d'Primärschoul gaangen. No sengem Technikerdiplom am Lycée des arts et métiers huet hie fir Elektroingenieur op der Universitéit Lëtzebuerg studéiert. Hien huet säi Studium als beschte vun 200 Studenten ofgeschloss.[Quell?]

Zanter 2005 ass hien an der DP aktiv.

Zanter de Gemengewale vun 2005 war hien am Gemengerot vun der Gemeng Dippech, an am Januar 2009 war hien eng Woch laang zweete Schäffen[3], mä schonn d'Woch drop huet déi éischt Schäffin Gaby Schaul der DP de Réck gekéiert, déi sou d'Majoritéit verluer huet, an hie koum nees op Conseillersbänk[4],[5].

Zanter de Gemengewalen 2011 war hien nees Schäffe vun der Gemeng Dippech a vun Abrëll 2010 bis Mäerz 2014 President vun der JDL.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber "nogerëtscht" an d'Plaz vum Claude Meisch, dee Minister gouf[6]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt[7].

Den 28. November 2015 gouf hien zum Éischte Vizepresident vun der Demokratescher Partei gewielt. 2025 huet hien net op en Neits kandidéiert.[8]

De 15. Juni 2023 gouf hien als Nofollger vun der Corinne Cahen zum Minister fir Famill a fir d'Groussregioun vereedegt, nodeems si hire Ministeschposten opginn hat, fir an der Folleg vun de Gemengewalen 2023 e kommunaalt Mandat an der Stad unzehuelen.[9], [10],[11].

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien erëmgewielt.[12] Hien huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Minister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an den Accueil an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Max Hahn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. fiche op chd.lu.
  2. An der Koalitioun LSAP-DP war virgesinn datt d'LSAP déi éischt dräi Joer sollt den Zweete Schäffe stellen, an d'DP déi lescht dräi Joer
  3. Ines Kurschat: "Max Hahn: Familienminister auf Probe." wort.lu [w+], 15. Juni 2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads