Maxim Pasta

lëtzebuergesch Nuddelsfabrik From Wikipedia, the free encyclopedia

Maxim Pasta
Remove ads

Maxim ass de Markennumm vun Nuddelen an anere Liewensmëttel, déi bis 2025 vun der lëtzebuergescher Firma Maxim sàrl produzéiert goufen, an zanterhier vun de Moulins de Kleinbettingen.

Thumb
D'Maxim Fabréck zu Esch-Uelzecht

Geschicht

Déi italieenesch Immigrantenfamill Crescentini huet 1922 zu Esch-Uelzecht an der Kanalstrooss (deemools d'Réidenger Strooss) déi éischt industriell Nuddelsfabrick zu Lëtzebuerg, déi 1910 gegrënnt gi war, opkaf. Den offiziellen Numm vun der Firma war G. Crescentini & Fils, anct. Gatt Frères. 1934 huet d'Firma Crescentini Frères, Italie - Luxembourg, sech als "Première fabrique italienne de pâtes alimentaires" duergestallt.

De Maximilien genannt Max Crescentini huet nom Zweete Weltkrich d'Mark Maxim agefouert, déi 1968 deposéiert gouf. 1953 huet hien d'Société en nom collectif Max Crescentini et Cie gegrënnt aus där 1981 eng Société en commandite simple ginn ass, an där de Max Crescentini sech mat sengem Eedem Rinaldo Stoisa zesumme gedoen huet.

Am Joer 2000 gouf dunn d'Maxim Pasta sàrl gegrënnt, déi dem Maximilien, genannt Max Stoisa (dem Max Crescentini säi Kandskand), zu 99,5 % gehéiert an zu 0,5 % senger Mamm Irma Crescentini. D'Max Crescentini & Cie besteet weider als Immobiliegesellschaft déi der Famill Crescentini-Stoisa gehéiert.

2023 ass de Max Stoisa gestuerwen. 2025 gouf d'Mark Maxim, zesumme mat de Rezepter, der Produitspallett an dem Know How, vun de Moulins de Kleinbettingen iwwerholl an d'Fabrikatioun gouf op Klengbette verluecht. D'Gebai an der Kanalstrooss mat de Fabrécksanlage gouf un eng Escher Famill verkaaft, déi(Stand 2025) wëlles hätt, duer Studentewunnengen z'amenagéieren.[1]

Remove ads

Produiten a Marken

D'Nuddele vun der Famill Crescentini gi mat Schmull aus haardem Weess an der Qualitéit Amber-Durum aus dem Mëttelmierraum a Kanada gemaach. Fir italieenesch Nuddele ganz atypesch, huet Maxim sech och op Eeërnuddele spezialiséiert. Maxim gëtt als weider Eegenaart dat luest Dréchne vun den Nuddelen un.

D'Nuddele vun Esch ginn ënner de Marke Maxim, Spiga a Luxpasta verkaaft. Ganz fréi an der Geschicht vun der Firma gouf et och d'Mark Mavi. Maxim huet e puer Gammen, dorënner déi traditionell Maxim supérieures, d'Eeërnuddele Maxim aux œufs frais, zanter 1994 d'Vollkarnuddele Maxim intégrales an zanter 1997 d'Bio-Maxim. Spiga ass d'Mark fir d'Familljeverpakunge vun 1 Kilo. Luxpasta ass d'Gamm fir d'Restauratioun mat 3 Kilo-Päck. Ënner der Mark Maxim ginn am Ufank vum 21. Joerhonnert och frësch Nuddelen am Vakuum verkaaft, déi awer net zu Esch produzéiert ginn.

Maxim importéiert och d'Tomateproduiten ënner der Mark Due Fagiani.

Am Joer 2005 huet Maxim Pasta mat 23 Salariéen 1.500 Tonnen Nuddele produzéiert.

Thumb
Produite vu Maxim Pasta Sàrl
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads