Mechanik

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Mechanik ass en Deelgebitt vun der Physik dat sech mat der Beweegung vu Kierperen an der Awierkung vu Kräfte beschäftegt.

En typescht Beispill vun der Mechanik ass d'Predictioun vun den Trajektoire vun de Planéite ronderëm d'Sonn. En anert Beispill ass d'Berechnung vun der Trajektoire vun enger Kanounekugel déi een an engem bestëmmte Wénkel ofschéisst.

Wichteg Gréisste sinn d'Mass a Kilogramm (kg), d'Längt a Meter(m), an d'Zäit a Sekonnen(s). Mat dësen dräi Moosseenheete loosse sech all déi aner Moosseenheeten, déi an der Mechanik benotzt ginn, opbauen. Sou zum Beispill ass eng Kraaft, vun 1N (N steet fir d'Unitéit vun der Force am SI-Eenheetesystem: den Newton) gläich 1 kg × 1 m × 1 s−2.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Mechanik – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads