Assemblée consultative vun 1945 (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Assemblée consultative vun 1945 gouf nom Zweete Weltkrich an d'Liewe geruff well festgestallt gouf datt d'Chamber hir konstitutionell Aufgaben net erfëlle konnt. D'Missioun vun der Assemblée consultative huet an der Ausféierung vun de Rechter bestanen, déi d'Chamber duerch d'Lëtzebuerger Constitutioun an d'Gesetzer hat, mat Ausnam vun der legislativer Gewalt[1].
Nodeem den Zweete Weltkrich den 10. September 1944 zu Lëtzebuerg eriwwer war, gouf fir de 6. Dezember 1944 eng Chamberssëtzung aberuff. Vun de 55 Deputéiert aus der Chamber virum Krich, waren der nëmme 25 do. Dat war drop zeréckzeféieren datt 9 Deputéiert gestuerwe waren, 10 nach net aus däitsche Prisongen a Konzentratiounslageren erëm waren, an 9 ënner Verdacht op Kollaboratioun mat de Besatzer stoungen. Well nëmme manner wéi d'Hallschent vun den Deputéierten do war, gouf de Quorum deen an der Constitutioun festgeluecht war, net erreecht. Dat huet mat sech bruecht datt d'Chamber net aarbechts- a beschlossfäeg war.
Fir datt d'Regierung vun der Befreiung awer kéint an hiren Aufgabe berode ginn, gouf mam groussherzoglechen Arrêté vum 22. Februar 1945 d'Assemblée consultative geschaaft[1]. Se huet sech am Ufank aus 27 Deputéiert vun der vireger Chamber[2] an aus 30 Memberen, déi zousätzlech genannt goufen, zesummegesat[3]. D'Zuel vun den Deputéierte-Memberen ass no an no bis op 37 eropgaangen, an deem Mooss wéi Deputéiert, déi deportéiert oder am KZ waren, erëmkomm sinn. D'Assemblée consultative hat also am Endeffekt 67 Memberen. Hiert Mandat ass bis de 16. August 1945 gaangen. Den Dag drop ass d'legislativ Chamber erëm an hir Rechter getrueden. Si huet sech aus de Virkrichsdeputéierten zesummegesat, deenen hire Mandat mam Arrêté grand-ducal vum 7. Juli 1945 bis zu den nächste Wale verlängert gi war[4]. Déi Wale waren den 21. Oktober 1945.
Am Zäitraum vum 20. Mäerz 1945 bis de 16. August 1945 koum d'Assemblée consultative fir 18 Sëtzungen zesummen.
Remove ads
Memberen
Remove ads
Literatur
- Marius Remackel: Die Assemblée consultative von 1945, Luxemburgs Beratende Kammer in der unmittelbaren Nachkriegszeit. Travail de candidature, Luxemburg 2017.
- Jean-Louis Scheffen: "Vor 75 Jahren: Luxemburg im politischen Vakuum." wort.lu, 29.07.2020.
Um Spaweck
Kuckt och
Referenzen an Notten
- Arrêté grand-ducal du 22 février 1945 ayant pour objet l´institution d'une assemblée consultative, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
- Artikel 1 vum Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblée consultative, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
- Artikel 2 vum Arrêté grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblée consultative, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
- Compte rendu des travaux de la Chambre des députés du Grand-Duché de luxembourg, La composition de la Chambre des Députés depuis 1944, S. 95 op chd.lu, der Websäit vun der Chamber, gekuckt den 22. Februar 2019
- "Gaston Diderich" (an net "Gaston Diederich" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 512
- "Venant Hildgen" (an net "Vinand Hildgen" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 518
- "Jean-Pierre Lenertz" (an net "Jean-Pierre Lehnerts" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 520
- "Gustave Schuman" (an net "Gustave Schumann" wéi et am Arrêté grand-ducal steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 528
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads