Mercury-Little-Joe 1
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Mercury-Little Joe 1 (LJ-1) war en onbemannten Testfluch vun der NASA. Et war déi éischt Missioun vum Mercury-Programm.
Remove ads
Oflaf
D'Missioun hat als Zil d'Rettungssystem vun der Mercury-Kapsel ze testen. De Start war den 21. August 1959 vun der Startramp Wallops Flight Facility mat enger Rakéit vum Typ Little Joe virgesinn. 30 Minutte virun der geplangter Startzäit hat sech d'Rettungsrakéit spontan gezünnt, d'Mercury-Kapsel hat eng Héicht vu 600 m erreecht. Et gouf keng Separatioun tëscht Rettungsrakéit a Kapsel an d'Fallschiermer goufen och net ausgeworf, sou datt d'Kapsel ongebremst no 20 Sekonnen op ronn 800 m Distanz vun der Startramp am Atlanteschen Ozean erofgoung. Als Feelerquell gouf eng falsch Schaltung vun den Akkumulatoren an der Rettungsrakéit identifizéiert.
Remove ads
Technesch Daten
- Startmass: 18.747 kg
- Héicht: 14,6 m
- Duerchmiesser: 2 m
- Notzlaascht: 1.788 kg
- Startschub: 1.110 kN
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads