Little Joe (Rakéit)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Little-Joe-Rakéite si suborbital Rakéiten, déi fir d'Tester vun de Rettungssystemer fir d'Mercury- an d'Apollo-Raumschëffer benotzt goufen.

Déi mat Feststoffrakéitemotoren ugedriwwe Little-Joe-Rakéiten hate jee no gewënschtem Fluchprofil eng ënnerschiddlech Kombinatioun vu Rakéitemotoren, déi am Rakéitekierper montéiert waren.

Little Joe I

Thumb
D'Little-Joe-I-Rakéit zu Wallops Island mat enger Mercury-Raumschëffattrapp.

D'Little-Joe-I-Rakéit gouf mat verschiddene Kombinatioune vu jee véier Recruit-Starthëllefsrakéiten an entweeder zwou oder véier Castor oder Pollux ausgerëscht. Siwe Flich (an ee Feelstart) goufe vun der Wallops Flight Facility gemaach. Op engem virprogramméierte Punkt vun der Fluchbunn gouf d'Mercury-Raumschëff ofgetrennt a vun hirer Rettungsrakéit vun der Little Joe ewechgedréckt. Dobäi war d'Fluchbunn sou, datt déi ofgetrennt Mercury-Landekapselen u Fallschiermer um Mier erof goungen. Ufanks war am Mercury-Programm geplangt, datt all Astronaute virun hiren eigentleche Raumflich en Trainingsfluch mat enger Little-Joe-Rakéit maache sollten, wat awer well et un der Zäit gefeelt huet, vum Programm gestrach gouf.

Startlëscht vu Little Joe I

Méi Informatiounen Missioun, Rakéitemotoren ...
Remove ads

Little Joe II

Thumb
Start vun enger Little Joe II Rakéit mat engem Apollo-Raumschëff

Bei där fir den Apollo-Programm vergréisserter Versioun Little Joe II ass och nees d'Recruit-Starthëllefsrakéit benotzt ginn. Als Haaptdreifwierker goufen awer amplaz vu Castor- oder Pollux-Motoren, méi grouss Algol-1D-Rakéitemotoren agesat, déi och op Scout-Rakéite waren. Am Géigesaz zum éischte Little-Joe-Programm gouf d'Startplaz op d'White Sands Missile Range verluecht, sou datt déi getest Landekapselen op festem Buedem hu misse landen.

Méi Informatiounen Konfiguratioun, Zuel vu Recruit-Rakéiten ...

Startlëscht vun der Little Joe II

Méi Informatiounen Missioun, Konfiguratioun ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Little Joe (rocket) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads