Messier 100
Galaxie From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Messier 100 (och als NGC 4321 bezeechent) ass eng +9,40 mag hell Spiralgalaxie mat enger Flächenausdeenung vu 7,5' × 6,1' am Stärebild Coma Berenices (Hoer vun der Berenike).

De M 100 ass e Member vum baussenzegen nërdlechen Deel vum Virgo-Galaxiëkoup. Wéi bal all Spiralgalaxien ass M 100 also wäit vum dicht beliefte Galaxiëkoupzentrum ewech. Ënner de Spiralgalaxië vun dësem Koup ass d'M 100 déi hellst. Si ass vum Hubble-Typ Sc, an hir galaktesch Fläch ass ëm méi wéi 60 Grad géint d'Siichtlinn geneigt, soudatt mer eng gutt Siicht op d'galaktesch Scheif hunn. Doduerch gëtt M 100 zu engem idealen Objet fir all Froen, déi d'Spiralgalaxië vum Virgo-Koup betreffen. Besonnesch am H0 Key Project fir d'Miessung vun der Hubble-Konstante H0 mat dem Hubble-Weltraumteleskop gouf M 100 dofir als éischt Spiralgalaxie vun dësem Koup an Eenzelstären opgeléist. Bei dëser Kontroll konnten Cepheiden identifizéiert ginn, duerch deenen hir Perioden-Liichtkraaft-Bezéiung d'Distanz vu M 100 op 55 Milliounen Liichtjoer bestëmmt konnte ginn. Dës Distanz ass méiglecherweis eppes manner grouss, wéi d'Distanz vum Koupzentrum (kuckt och ).
Bannescht vum Messier 100 ass d'Supernova SN 1979C, déi wéinst hirer haut nach unhalender Röntgenstralung aussergewéinlech ass.
Den M 100 ass zudeem d'Haaptgalaxie vun enger klenger Ënnergrupp bannen am Virgo-Koup, zu där vill Zwerggalaxië gehéieren.
| Stärebild | Coma Berenices |
| Rektaszensioun | 12h 22m 54,00s |
| Deklinatioun | +15° 49' 00,0" |
| Distanz | 5,5 × Liichtjoer |
| Visuell Hellegkeet | +9,40 mag |
| Flächenausdeenung | 7,5' × 6,1' |
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Messier 100 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) M100 bei SEDS
- (en) Fotoen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
