Messier 103

oppene Stärekoup am Stärebild Cassiopeia From Wikipedia, the free encyclopedia

Messier 103
Remove ads

De Messier 103 (och als NGC 581 bezeechent) ass e +7,4 mag hellen oppene Stärekoup mat enger Wénkelausdehnung vu 6' am Stärebild Cassiopeia.

Méi Informatiounen Date vum Messier 103 ...

Well de Koup vun der Äerd aus gesinn um Mëllechstroosse-Band läit, ass d'Bestëmmung vu senger Distanz net ganz einfach an et bleiwen nach e puer Onsécherheeten. D'Distanz vum M 103 gëtt op ronn 8500 Liichtjoer geschat. En ass ongeféier 15 Liichtjoer grouss. Déi radial Relativvitess vum M 103 zu eisem Sonnesystem ass ronn −40 km/s. Den Alter vum M 103 gëtt no neie Berechnungen op zirka 25 Millioune Joer geschat. De Stärekoup gouf am Joer 1781 vum Pierre-François-André Méchain entdeckt.
Den hellsten an opfällegste Stär am Beräich vum M 103 ass de Struve 131 (HD 9311, SAO 11822), e Méifachstär mat enger Magnitude vu +7,3 mag a mat engem +10,5 mag helle Begleeder. Dat ass awer e Stär dee virum M 103 steet, an deen net zum Stärekoup gehéiert. Déi hellst Stären déi zum M 103 gehéieren, erreechen eng Visuell Magnitude vun 10,5 mag.

De Messier 103 war de leschten Objet, deen offiziell am Messier-Katalog opgeholl gouf.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Messier 103 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads