Messina
drëttgréisste Stad vu Sizilien From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Messina ass déi drëttgréisste Stad vu Sizilien (Italien) a gläichzäiteg de Verwaltungssëtz vun der Provënz Messina.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der sizilianescher Stad Messina. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Messina (Homonymie). |

Messina ass doduerch bekannt, datt do déi sougenannt Konferenz vu Messina vum 1. bis den 3. Juni 1954 war. D'Ausseministere vun der Montanunioun, dorënner och de Joseph Bech, sinn deemools zu Messina zesummekomm, fir ze berode wéi se d'Europäesch Zesummenaarbecht nom Echec vun der Europäescher Verdeedegungsgemeinschaft (CED) kéinte relancéieren.
Remove ads
Geographie
Messina huet 218.786 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1] déi op enger Fläch vun 213,75 km² liewen. D'Wirtschaft ass duerch d'Industrie gestempelt, d'Awunner sinn a Schëffschantercher, an der Liewensmëttelindustrie, an der Metallveraarbechtung an och an der cheemescher Industrie beschäftegt.
D'Stad läit un der Strooss vu Messina. Ongeféier 90 Kilometer südlech läit Catania a ronn 230 Kilometer westlech d'Haaptstad vun der Regioun, Palermo. Den Etna, dee mat méi wéi 3.300 m den héchste Vulkan vun Europa ass, läit ronn 70 km südwestlech vu Messina.
Remove ads
Biller
- Kathedral vu Messina (2005)
- Vue op d'Stad vum Hafen aus, am Hannergrond d'Kierch vun der Annunziata dei Catalani (2005)
- Kathedral vu Messina (2009)
- Strooss vu Messina (1890)
Um Spaweck
| Commons: Messina – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
