Metall

Grupp vun de cheemeschen Elementer From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Metaller sinn déi gréisst Grupp vun de cheemeschen Elementer. Am Periodesystem vun den Elementer si se kenger bestëmmter Grupp oder Period zougedeelt, mä se si lénks an ënner der Trennungslinn vum Bor bis bei den Astat. Uewe riets sinn d'Netmetaller, dertëscht d'Hallefmetaller.

Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Elementer, opgedeelt an Netmetaller, Hallefmetaller a Metaller, woubäi déi lescht genannt no hirer Dicht ënnerscheet ginn (berechent fir Fm zu Og)[1]
Netmetall: bis 5 g/cm³
(Hallef-)Metall: bis 5 g/cm³ vu 5 g/cm³ un  vun 10 g/cm³ un  vun 20 g/cm³ un
H He
Li Be B C N O F Ne
Na Mg Al Si P S Cl Ar
K Ca Sc Ti V Cr Mn Fe Co Ni Cu Zn Ga Ge As Se Br Kr
Rb Sr Y Zr Nb Mo Tc Ru Rh Pd Ag Cd In Sn Sb Te I Xe
Cs Ba La * Hf Ta W Re Os Ir Pt Au Hg Tl Pb Bi Po At Rn
Fr Ra Ac ** Rf Db Sg Bh Hs Mt Ds Rg Cn Nh Fl Mc Lv Ts Og
 
  * Ce Pr Nd Pm Sm Eu Gd Tb Dy Ho Er Tm Yb Lu
  ** Th Pa U Np Pu Am Cm Bk Cf Es Fm Md No Lr

Ongeféier 80 % vun den Elementer si Metaller, woubäi den Iwwergank vun de Metaller iwwer d'Hallefmetaller bis bei d'Netmetaller fléissend ass, well vill Hallefmetaller nieft metallesche Modifikatioune mat metallesche Bindungen och netmetallesch Modifikatioune mat atomare Bindunge kënne bilden.

Nieft de Metaller déi een am Periodesystem fënnt, an déi nëmmen aus engem eenzegen Element bestinn, gëtt et och nach Alliagen (z. B. si Bronze a Messeng) déi aus méi Zorte Metall bestinn.

De Begrëff Metall bezitt sech op all d'Materialien, déi – a fester oder flësseger Form – déi follgend véier charakteristesch metallesch Eegenschafte méi oder manner ausgepräägt opweisen:

  1. Héich elektresch Leetfäegkeet, déi ofhëlt, wat d'Temperatur méi grouss gëtt;
  2. Héich thermesch Leetfäegkeet, wat dozou féiert, datt d'Metaller sech kill ufillen;
  3. Duktilitéit (Verformbarkeet), dat et méiglech mécht, dënn Blecher oder laang Dréit ze maachen;
  4. Metallesche Glanz (Spigelglanz).
Remove ads

Ënnerdeelungen

Traditionell gi Metaller no hirer Dicht a Schwéiermetaller a Liichtmetaller opgedeelt, an no hirer Reaktivitéit an Eedelmetaller an Oneedelmetaller.

D'Metaller sinn déi Elementer, déi am Periodesystem am Beräich lénkssäiteg an ënnerzeg vun enger Linn vum Bor (B) bis bei den Astat (At) stinn, woubäi de metallesche Charakter vun uewen no ënne resp. vu riets no lénks zouhëlt.

Physikalesch Eegenschaften

Méi Informatiounen Element, Lithium (Li) ...

cl: kubesch raumzentréiert, cF: kubesch flächenzentréiert, hcp: hexagonal, A4: Diamantestruktur, tl: tetragonal bannenzentréiert, P3̅: rhomboedresch

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Metall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. P. Häussinger, R. Glatthaar, W. Rhode, H. Kick, C. Benkmann, J. Weber, H.-J. Wunschel, V. Stenke, E. Leicht, H. Stenger: Noble Gases. In: Ullmann's Encyclopedia of Industrial Chemistry. Wiley-VCH, Weinheim 2006.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads