Micky Erpelding

lëtzebuergesch Schauspillerin a Politikerin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Marie-Micheline ("Micky") Erpelding, resp. Bintz(-Erpelding), gebuer de 14. Dezember 1939 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 20. Juli 2000 och do, war eng lëtzebuergesch Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

D'Micky Erpelding war vun 1960 un 2 Joerzéngte laang Speakerin beim lëtzebuergesche Programm vu Radio Lëtzebuerg. Si huet Theater gespillt, ë. a. am Escher Liewensfrou an an de Lëtzebuerger Revue. Si huet och e Musical fir Kanner geschriwwen (All Dag e bëssen, 1978), a Märercher iwwersat.

Politesch huet si sech zanter 1980 an der LSAP engagéiert, fir déi se vun 1981 bis bal zu hirem Doud am Escher Gemengerot souz. Vum 1. Februar 1989 bis den 31. Dezember 1993 a vum 2. Juni 2000 bis de 15. Juli 2000 war se am Schäfferot.

Si war mam Aly Bintz bestuet, an hat 2 Kanner, Simone Asselborn-Bintz an Brigitte Bintz.

Remove ads

No der Micky Erpelding benannt

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads