Brigitte Bintz
Kand vum Aly Bintz a Miccky Erpelding From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D' Brigitte Bintz, gebuer de 14. Mee 1968 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng lëtzebuergesch Bühneschauspillerin, Regisseurassistentin[2], Gemengebeamtin, Flüitistin, Presentatrice a Stadion-s Spriecherin.
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren, datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Doriwwer eraus entsprécht dësen Artikel op d'mannst engem vun de Krittäre fir direkt geläscht ze ginn. Wann den Auteur vun dësem Artikel bannent dräi Deeg den Artikel net op en enzyklopedeschen Niveau bruecht huet, da gëtt e geläscht. |
Bintz ass déi jéngst Duechter vum Radiospeakerin, Politikerin, Bühneschauspillerin a Sängerin Micky Bintz-Erpeding an dem Bühneschauspiller a Sänger Ali Bintz. Hir Geschwëster sinn de Geschäftsmann a Museker Jean-Claude Bintz an d'Politikerin an Educatrice Simone Asselborn-Bintz.
Vun 1978 bis 1986 war Bintz zu Esch am Lycée Hubert Clément. Duerno huet si op der Schauspillschoul Der Keller zu Köln studéiert. Hire Papp huet hir dovun ofgeroden, eng professionell Theatercarrière zu Lëtzebuerg ze verfollegen. Dofir huet si de Beruff vun enger Gemengebeamtin ugeholl a war Deelzäit a verschiddene lëtzebuerger Theateren aktiv. 1986 hat si eng Roll am Kapuzinertheater an der Stad Lëtzebuerg. Si huet vun 1985 bis zu senger Schléissung am Joer 2018 an der Escher Liewensfrou geschafft. Hire Papp a hir Mamm haten hei schonn gespillt a sech kennegeléiert. Zënter 2017 schafft si am Kaleidoskop Theater zu Beetebuerg a si ass Member vum Verwaltungsrot.[3]
An hirer Fräizäit ass si Member vum Verwaltungsrot vum Fussballclub CS Fola Esch a schafft do als Stadionspeakerin.[4]
Bintz wunnt zu Esch-sur-Alzette a seng Duechter (gebuer 1996), déi an der Nationalekipp vum Lëtzebuerger Turnverband geturnt huet, als Turntrainerin geschafft huet. Sie studéiert fir Léierin mat Sonderpedagogie zu Siegen an Däutschland.
Remove ads
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads