Mie Rodenbour

lëtzebuergesch Léierin a Jounalistin From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Maria ("Mie") Rodenbour, bestuet Wingert-Rodenbour, gebuer den 8. Oktober 1897 zu Hueschtert, a gestuerwen de 4. Februar 1959 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Léierin, Journalistin a Schrëftstellerin.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Liewen a Karriär

D'Mie Rodenbour huet d'Léierinnennormalschoul gemaach an huet zu Pärel Schoul gehalen.[1] Do huet si de Schoulmeeschter Albert Wingert kennegeléiert an 1922 bestuet. 1923 sinn ze zesummen op Völklingen, an d'Saargebitt, gaangen, fir do Kanner z'enseignéieren.

Enn 1933 koum d'Mie Rodenbour hannescht op Lëtzebuerg, engersäits, well si sech vun hirem Mann getrennt hat, an anerersäits, well hiert politesch Engagement, nodeems d'Nationalsozialisten an Däitschland un d'Muecht komm waren, hir och an der Saar d'Liewe schwéier gemaach huet.

Si huet als Journalistin geschafft, ë. a., nom Krich, als Redaktesch fir d'Lëtzebuerger Säit vu La Meuse-Luxembourg. Wärend dem Zweete Weltkrich huet si Studentenzëmmere verlount an huet hallefdaags fir d'Nationalbibliothéik geschafft.

1946 war si Kommiteesmember vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

Hir Erzielungen a Reesreportagë goufen ë. a. am Luxemburger Wort, an der Warte, Les Cahiers luxembourgeois, d'Hémecht - La Patrie, Herdfeier, d'Lëtzebuerger Land, Les Pages de la SELF an am Luxemburger Marienkalender publizéiert. 1946 huet si den Novelleband Feuer, Frauen und Firnen erausbruecht, an 1947 Hepp weiss Bescheid.

Fir u si z'erënneren, gouf zu Nidderaanwen eng Strooss, d'Rue Mie Rodenbour, no hir genannt.[2]

Remove ads

Referenzen

  1. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Fiche Mie Wingert-Rodenbour op autorenlexikon.lu (nogekuckt: 22.08.2025.
  2. L-6944.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads