Mikroorganismus
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
E Mikroorganismus, och nach Mikrob genannt, ass ass e winzegt Liewewiesen, dat fir de Mënsch mam bloussen Aen net siichtbar ass. Si liewen am Waasser, am Buedem an an der Loft. Och de mënschleche Kierper gëtt vu Millioune Mikrobe bevëlkert.[1]

Déi heefegst Vertrieder vun de Mikroorganismussen sinn d'Bakterien, d'Virussen an d'Pilzen. Protozoen sinn och Mikroben, déi fir Krankheete wéi Malaria oder Toxoplasmos verantwortlech sinn.
Verschidde Mikrobe si wichteg fir d'Gesondheet, wärend anerer krank maachen. Mikroben, déi krankheetserreegend sinn, gi pathogen genannt. Déi, déi net krankheetserreegend sinn, ginn apathogen genannt.[2]
D'Mikrobiologie ass d'Wëssenschaft an d'Léier vun de Mikroorganismen.
Remove ads
Kuckt och
| Commons: Mikroorganismussen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- gesundheitsinformation.de: Was sind Mikroben?
- DocCheck Flexikon: Mikroorganismus
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
