Monrose
däitsch Popgrupp From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Monrose war eng däitsch Popgrupp déi aus dräi Sängerinne bestoung. Si gouf 2006 an der fënnefter Staffel vun der Castingshow Popstars zesummegestellt, déi um Sender ProSieben gewise gouf. Si hunn hiren éischten Album Temptation am Dezemeber 2006 verëffentlecht an haten domat groussen Erfolleg an Zentraleuropa. En huet sech 600.000 Mo verkaaft an déi éischt Singleauskopplung Shame war en Nummer-Eent-Hit an den däitschsproochege Länner.
Am September 2007 koum hiren zweeten Album Strictly Physical eraus, op deem den zweeten Hit Hot Summer ze fanne ass. Op hirem drëtte Studiosalbum Ladylike war hir lescht Top-10-Single Like a Lady ze fannen. Monrose war eng vun de wéinege Gruppen aus enger däitscher Castingshow, déi iwwer eng länger Zäit erfollegräich war an am Ganzen iwwer 3 Millioune Placke verkaaft huet. Am November 2010 hu si bekannt ginn, datt si sech géifen trennen. De leschte gemeinsamen Optrëtt haten déi dräi Memberen de 27. Februar 2011.
Remove ads
Memberen
- Mandy Grace Capristo (* 21. Mäerz 1990 zu Mannheim)
- Senna Guemmour (* 28. Dezember 1979 zu Frankfurt am Main)
- Bahar Kızıl (* 5. Oktober 1988 zu Freiburg im Breisgau)
Discographie
Albumen
Singelen
Remove ads
Referenzen
- oljo.de: Popstars Gruppe Monrose von Plattenfirma gefeuert, Trennung! (25. November 2010)
Um Spaweck
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads