Morphological Catalogue of Galaxies
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Morphological Catalogue of Galaxies (kuerz MCG) ass e Stärekatalog vun 29.000 Galaxien nërdlech vun -30° Deklinatioun.
Den MCG gouf op Basis vu Fotoe vum Palomar Observatory Sky Survey opgestallt. D'Quellebezeechnungen (z. B. MCG+15-01-001) setze sech aus der vum Equator aus gerechenter Zonebezeechung vum POSS, dee mat der Rektaszensioun opsteigende Feldnummeren an enger fortlafender Nummer zesummen. Am MCG stinn d'Koordinaten, d'Hellegkeet, d'Gréisst souwéi d'Intensitéit vu bannenzegen a baussenzege Galaxiëberäicher souwéi Hiwäiser op méi al Galaxiëkatalogen.
Remove ads
Kuckt och
Referenzen
B.A.Vorontsov-Velyaminov, A.A.Krasnogorskaja, V.P. Arkhipova, Moscow state university, Moscow, v. 1-4, 1962, 1963, 1964, 1968, Morphological catalogue of galaxies.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads