Moundphas
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Als Moundphase[1] bezeechent een déi ënnerschiddlech Liichtgestalt vum Äerdmound duerch déi perspektivesch Ännerung vu senger Dag-Nuecht-Grenz relativ zu der Äerd wärend sengem Äerdëmlaf.
- Et ënnerscheet ee Vollmound, ofhuelende Mound, Neimound an zouhuelende Mound.
- Neimound, Vollmound an déi béid Hallefmounde bezeechent een als Haaptphasen.
- Am visuelle Widdersproch zu der allgemenger Bezeechnung Hallefmound – dat ass d'Hallefphas (Dichotomie) – bezéie sech d'Astronomen op de volle Zyklus vum Mound an nennen déi zouhuelend Hallefphas éischt Véirel, déi ofhuelend entspriechend lescht Véirel.
- Déi ganz schmuel Moundséchele bezeechne si als Neiliicht an Alliicht.

Remove ads
Iwwerbléck
Een Ëmlaf vum Äerdmound ronderëm d'Äerd, bei deem de Mound nees déi gläich Stellung zu der Sonn anhëllt, dauert duerchschnëttlech ongeféier 29,53 Deeg (29 Deeg, 12 Stonnen a 43 Minutten) a gëtt synodesche Mount genannt. Hien ass domat knapps e Mount grouss. Tatsächlech si souwuel de Begrëff wéi och d'Längt vun engem Mount vun der synodescher Ëmlafzäit vum Äerdmound ofgeleet.
Déi tatsächlech Längt vun enger eenzeler Period – vun enger Lunatioun – ass zimmlech grousse Schwankungen ënnerworf (kuckt heizou: sideresch Period).
Jee no Stellung vum Mound, der Äerd an der Sonn zoueneen si vun der Äerd aus verschidde Phasewénkele vum Äerdmound z'observéieren. Déi verursaachen déi wiesselnd Gestalte vum Mound um Himmel.
D'Gréissteverhältnesser vun den Objeten op de Graphiken an hir Ofstänn zueneen entspriechen net deenen natierlechen.
Remove ads
Visualitéit
De Mound ass eng passiv Liichtquell, dat heescht, hie reflektéiert nëmmen dat Liicht vun der aktiver Liichtquell, der Sonn.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Mondphasen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ublécks-Duerstellungen (Phenomeenologie):
- (en) CalSky, Mond – Allgemeng Berechnungen zum Stand vum Mound
- (en) ephemeriden.com – Moundstand a -phasen; aktuell a Berechnung
- (de) Die aktuelle Mondphase, www.computus.de – Berechnung vun der Moundphase an der nächster Sonnen- a Mounddäischtert (JavaScript)
- (de) Ewiger Kalender von 1000 n. Chr. bis 4000 n. Chr., www.rodurago.de – Moundkalenner a Moundphasen.
- (de) mondphase.stephan-brumme.com – Virtuell Usiicht vun de Moundphasen.
- (en) malorny.net – Aktuell Moundphas souwéi Berechnung fir een xbeliebegen Datum
- (de) Astronomy & Photography, Thomas Knoblauch – Algorithmus zu der Berechnung vun de Moundphasen
- Termine (Kalendaresch Daten):
- (de) The Munich Astro Archive – Moundphasekalenner 1700–2200, och mat Algorithmus no dem Meeus
- (en) U.S. Naval Observatory – Genee Zäite vun de Moundphasen, zielen allgemeng als Referenzdate.
Remove ads
Referenzen
- Jörg Mildenberger: Anton Trutmanns 'Arzneibuch', Teil II: Wörterbuch, Würzburg 1997 (= Würzburger medizinhistorische Forschungen, 56), Band V, S. 2229
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads


