Mount

Zäiteenheet From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

E Mount (vu Mound) ass eng Zäiteenheet an en Deel vun engem Joer.

Allgemeng

Jee no Definitioun ass e Mount vun ënnerscheedlecher Dauer:

  • Am allgemenge Gebrauch d'Span vu 4 Wochen.
  • Kalennere gebrauche Méint fir d'Zäitandeelung. Dozou gliddere si eng Zäitspan vun engem Kalennermount engem Mountnumm zou.
    An eisem Kalenner dauert e Mount entweeder 28, 29, 30 oder 31 Deeg.
  • E Mount ass am astronomesche Sënn, definéiert durch d'Zäitspan vun engem vollstännegem Ëmlaf vun engem natierlechen Trabant. Am méi enke Sënn bezitt sech de „Mount“ awer nëmmen op den Äerdmound: De Moundmount dauert jee no Definitioun tëscht 27⅓ an 29½ Deeg.
Eng Iwwersiicht iwwer vill Uwendunge gëtt Kategorie:Mount

Grondlage vun der Kalennerrechnung

Thumb
Chineesesch Himmelsscheif mat Mountandeelung, Astronomeschen Zyklus mat 28 Deelungen

Lunatiounen – resp. hir Moyenne, de Synodesche Mount – op der Grondlag vu gläichen Äerdmoundphase maachen d'Grondbausteng vun den éischte Kalenneren, déi Lunar- oder Moundkalenner waren, a spéider deelweis zu Lunisolarkalenner weider entwéckelt goufen. Dës Kalennere sinn och haut nach a villen Deeler vun der Welt am Gebrauch, a beispillsweis de jiddesche Kalenner, den islamesche Kalenner an den traditionelle chineesesche Kalenner bezeechne weiderhin e Phasenduerchlaf vum Äerdmound als Mount. An der Zäit vun engem Sonnejoer leie vill Moundméint, soudatt ee bei der Aféierung vun engem Solar- oder Sonnekalenner d'Längt vun de Méint entspriechend huet missen upassen. Sou eng Bannung vun der Joreslängt un d'Dauer vun engem Äerdëmlaf ronderëm d'Sonn an déi domat verbonnenen Trennung vun de Méint vum Moundlaf goufe fir d'éischt am alen Egypten am Joer 238 v. Chr. agefouert. De Julius Caesar huet dëse Kalenner am Joer 46 v. Chr. och fir d'réimesch Republik iwwerholl.

Nieft dësem julianesche Kalenner an dem gregorianesche Kalenner, deen en ofgeléist huet an haut fir déi meescht Mënschen alldeeglech ass, sinn och nach e puer aner Sonnekalenneren am Gebrauch, bei deenen ee (Kalenner-)Mount als e bestëmmten Deel vum Sonnejoer mat enger festgeluechten Zuel vun Deeg definéiert gëtt, beispillsweis de griichesch-orthodoxe Kalenner, de koptesche Kalenner, den zoroastresche Kalenner, den iranesche Kalenner, de Malayalam-Kalenner an och verschidden südasiatesch Kalenner.

Remove ads

Astronomesch Definitiounen

De Mount als Period vum Äerdmound op sengem Ëmlaf ëm d'Äerd.

Lunatioun
D'Zäitspan vun engem Neimound bis den nächsten Neimound. D'Lunatioun ass déi eigentlech Ursaach vum Mountbegrëff.
Si variéiert wéinst der komplizéierter Moundbeweegung tëscht 29 d 6½ h an 29 d 20h.

Follgend astronomesch Méint beschreiwen Mëttelwäerter, déi dofir op eng Standardepoch (am Moment J2000.0) bezu sinn:

  • Synodesche Mount: D'Zäit vum Zeréckkommen op déi gläich Elongatioun vum Mound zu der Sonn, d'Moyenne vun de Lunatiounen.
    Dauer 2000.0: 29,53 Deeg = 29d 12h 44m 3sec
  • Sideresche Mount: D'Zäit fir een Ëmlaf vum Mound ëm d'Äerd a Bezuch op eng fest Richtung am Raum, dat ass also eng vollstänneg Ëmkreesung relativ zu engem Stär.
    Dauer 2000.0: 27,322 Deeg = 27d 7h 43m 12sec
  • Tropesche Mount: D'Zäit fir een Ëmlaf bezunn op de Fréijoerspunkt. Domat bezitt hie sech och op den Equator an ass den Zyklus vun der Deklinatioun vum Mound.
    Dauer: Duerch d'Prezessiounsdrift vum Fréijoerspunkt ass hie ongeféier 7 s méi kuerz wéi de Sideresch Mount.
  • Drakonitesche Mount: D'Period vun zwéi Duerchgäng duerch de selwechten Moundknuet. Hie steet am Zesummenhang mat dem Zyklus vun de Sonnen- an Mounddäischterten (Sarosperiod).
    Dauer 2000.0: 27,21 Deeg = 27d 5h 6m
  • Anomalistesche Mount: D'Zäit tëscht zwéi Perigäumsduerchgäng noenee vum Mound, also vun engem äerdnooste Punkt bis bei den nächsten. Den Anomalistesche Mount beschreift déi eigentlech Bunnperiod vum Mound.
    Dauer 2000.0: 27,555 Deeg = 27d 13h 19m

An der Astronomie gëtt am Allgemengen d'Zäitspan tëscht zwou Widderhuelunge en Ereegnes, dat mat dem Ëmlaf vun engem belibege Mound ëm säi Planéit zesummenhänkt, also all vollstännegen Ëmlaf, als Mount bezeechent.

Remove ads

Nimm vun den 12 Méint

Méi Informatiounen Lëtzebuergesch, anere lëtz. Numm ...

Quellen

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Months – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads