Mount Stealth
lëtzebuergesch Rockband From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Mount Stealth ass eng lëtzebuergesch instrumental Rockband.
Bandgeschicht
De Max Nilles an den David Andre hunn am Summer 2010 no der Trennung vun hirer Band Miaow Miaow mam Pi (Claudio Pianini) vu Mutiny on the Bounty a mam Paul Bradshaw vu La Fa Connected d'Grupp Mount Stealth zu Esch-Uelzecht gegrënnt. Si hat hiren éischte Concert den 30. Juli 2011.
Am Februar hu si e Video vum Lidd Azymuth publizéiert.[1] Den 11. Mee 2012 ass hir EP um Label Chez Kito Kat verëffentlecht ginn. De Release war am EXIT07 an der Stad Lëtzebuerg. Am selwechte Mount huet de Fränk Desiront e Video fir d'Lidd Vices produzéiert.[2]
Mount Stealth sinn 2012 um Food for Your Senses, um Mess for Masses an um Rock um Knuedler opgetrueden. Si hunn ënner anerem och zu Metz, Paräis a Prag gespillt.
Remove ads
Discographie
EP
- 2012: Mount Stealth EP
- 2015: Mount Stealth EP2
- 2018: Mount Stealth EP3
Um Spaweck
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads