Muert

Geméisplanz aus der Famill vun den Apiaceae From Wikipedia, the free encyclopedia

Muert
Remove ads

D'Muert oder Wuerzel (Daucus carota ssp. sativus) ass eng zweejäreg Geméisplanz aus der Famill vun den Apiaceae. Si ass d'Kulturform vun der Wëller Muert (Daucus carota).

op ee Bléck Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...

Benotzt gëtt praktesch nëmmen d'Wuerzel selwer, d'Geleef gëtt net verschafft. D'Muerte sinn, vun der Quantitéit hier, no der Tomat, déi zweetheefegst Geméisaart an der EU.

Am éischte Joer bilt sech eng Blatrosett aus duebel- oder dräichfachgefiederte Blieder an eng Wuerzel eraus. Am zweete Joer beemt se an 't entsteet dann e Sprass mat Blieder a Bléien. Am Geméisubau gëtt d'Wuerzel schonn nom éischte Summer rekoltéiert.

D'Wuerzele si meeschtens orange (ursprénglech Zorte si wäisselzeg, gielzeg oder rout-mofelzeg) an enthale Carotin, Vitaminn C, Kalium an Eisen.

Déi orange Wuerzelen, wéi mer se haut kennen, sinn Ziichtungen a komme warscheinlech aus Holland, wou se op engem Bild vum Enn vum 17. Joerhonnert fir d'éischt ze gesi sinn.

Remove ads

Literatur

  • Georg Vogel: Handbuch des speziellen Gemüsebaues. Verlag Eugen Ulmer, Stuttgart 1996. ISBN 3-8001-5285-1, S. 953–975.
  • Udelgard Körber-Grohne: Nutzpflanzen in Deutschland von der Vorgeschichte bis heute. Theiss, Stuttgart 1995 (Nachdruck ISBN 3-933203-40-6), S. 223–231. (Kulturgeschichte)

Um Spaweck

 Commons: Muerten – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads