NGC 1499
Gasniwwel From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den NGC 1499 ass e Gasniwwel am Stärebild Perseus. Den NGC 1499 läit 36' nërdlech vum Xi Persei a gëtt wéinst senger Form och Kalifornienniwwel genannt.

Remove ads
Entdeckung
De Kalifornienniwwel gouf ëm d'Joer 1884 vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt. Kuerz drop huet de Johan Dreyer den Niwwel a sengem New General Catalogue opgeholl.
Astronomesch Bedeitung
Den Niwwel ass mat 1000 Liichtjoer Distanz, déi HII-Regioun déi am nooste bei ons läit, e Stäregebuertsgebitt. D'Wollek gëtt warscheinlech vum noe Stär Menchib (ξ Persei), deen am Niwwel entstanen ass, zum Liichten ugereegt.
Wéinst senger klenger Flächenhellegkeet ass d'Form vum Niwwel nëmmen op laang beliichte Fotoen z'erkennen.
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: California Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads