NGC 281

Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia From Wikipedia, the free encyclopedia

NGC 281
Remove ads

Den NGC 281 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia, dat 9.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. An a ronderëm den NGC 281 ass den oppene Stärekoup IC 1590.

Méi Informatiounen Date vum NGC 281 Emissiounsniwwel NGC 281. Foto, opgeholl vun der Äerd ...

Den Niwwel ass am Index-Katalog als IC 11 erfaasst a gëtt ëmgangssproochlech well en der bekannter Pac-Man Videospill-Haaptfigur gläicht, virun allem am engleschsproocheche Raum och als Pac-Man-Niwwel bezeechent. Den hellste Member vum IC 1590, ass d'Méifachstäresystem BD +55° 191 (HD 5005). Et ass eng ioniséierend Quell vum Niwwel. Am Niwwel gëtt et och en ettlech Bok-Globulen, an deene mat Hëllef vun Infraroutfotoen Unzeeche fir Stäregebuerte konnte festgestallt ginn.

Remove ads

Entdeckung

Den Emissiounsniwwel NGC 281 gouf de 16. November 1881 vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: NGC 281 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
NGC 281, vergréissert Foto opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads