Neierbuerg

däitsch Stad a Gemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm (Rheinland-Pfalz ) From Wikipedia, the free encyclopedia

Neierbuerg
Remove ads

D'Stad Neuerburg (lb: Neierbuerg) ass eng Stad a Gemeng mat 1.600 Awunner, déi am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland) läit. Si ass 30 km vun der "Béierstad" Béibreg ewech a läit 60 km nërdlech vun Tréier. D'Stad ass Member vun Islek ohne Grenzen EWIV

op ee Bléck Neuerburg lb: Neierbuerg, Aussprooch ...
Remove ads

Stadbild

Thumb
D'Parhaus a säin Tuerm

Eng Uertschaft an der Äifel, ofgeleeën a kaum bekannt. Do, wou d'Enzbaach duerch de Schiferfiels fléisst, läit Neierbuerg. Verwénkelt Haiser ginn der Stad e besonnesche Cachet. Iwwer engem géie Fiels trount déi 500 Joer al spéit gotesch Niklos-Parkierch. Méi héich steet de Buergfrid, déi fréier Vogtei, an deem haut d'Parhaus ass. Op engem méi héije Fielsbockel steet iwwer dem Dall d'Buerg vun Neierbuerg. Et ass interessant ze wëssen, datt de Friedrech, Här vu Branebuerg, (Lëtzebuerg), der Stad a sengen Awunner 1332 d'Fräiheetsrechter ginn huet. D'Awunner waren domat fräi Stadbierger, am Géigesaz zu de Baueren an aneren Uertschaften, déi vun him ofhoungen.

Remove ads

Kuckeswäertes

  • D'Buerg Neierbuerg, zanter 1926 eng Jugendherberg;
  • D'Nikloskierch;
  • D'Eligiuskapell aus dem Joer 1437 an den Elegiusbur;
  • Den Zinnenplatz wou als Erënnerung un de Jean-Antoine Zinnen e Gedenkstee steet;
  • D'Schwaarzbildchen, eng 46 cm grouss Holzfigur, gestëft vum Kuno vu Falkesteen;
  • D'Peschtkräiz erënnert un déi lescht Seuch am Joer 1636;
  • De Maartbur, eng Bronze-Skulptur vum Oochener Kënschtler Bonifacius Stirnberg.
Remove ads

Literatur

  • Palzkill, Leonhard, 2006. Wanderungen im deutsch-luxemburgischen Grenzraum. Neuerburg, 2006.
  • Stadt Neuerburg (Hrsg.), 1983. Neuerburg, 650 Jahre Stadt.
  • Theis, Hans, 1955. Stadtbefestigung des mittelalterlichen Neuerburg.

Fotoalbum

Thumb
Neierbuerg: Panorama

Um Spaweck

 Commons: Neierbuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads