Nic Daubenfeld
Lëtzebuerger Gewerkschaftler, Politiker an Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Nic ("Nikki") Daubenfeld, gebuer de 15. Juli 1930, a gestuerwen den 13. Januar 2017[1], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Lokalpolitiker (LSAP) a Lokalhistoriker.[2],[3]
Hie gouf 1975 op der Lëscht vun der LSAP an de Gemengerot vun Diddeleng gewielt. Hie war vun 1982 bis 1990 am Schäfferot vun Diddeleng.
Bei der Arbed Diddeleng war hie gewerkschaftlech aktiv a laang Zäit President vun der Aarbechterdelegatioun a President vum Syndikat vun de Stol- a Biergaarbechter. An den 1970er Jore war e wärend der Kris an der Stolindustrie mat bedeelegt un der Ariichtung vun der Division anti-crise (DAC).
Remove ads
Referenzen
- Doudesannonce vum Nic. Daubenfeld Archivéiert de 27.01.2017. Gekuckt den 19.01.2017.
- Nic Daubenfeld verstorben NEKROLOG op www.tageblatt.lu
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads