Nicolas Meris

lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Nicolas Meris, gebuer den 20. Mäerz 1841 zu Rëmerech[1] a gestuerwen de 5. Juni 1915 op der Colmer Bréck,[2] war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie gouf 1905 als Vertrieder vum Kanton Dikrech an d'Chamber gewielt. Hie gouf 1911 zeréckgewielt a vum 17. Mäerz 1914 (dem Dag op deem de Caspar Mathias Spoo gestuerwen ass) bis zu sengem Doud war de Nicolas Meris Alterspresident vun der Chamber.[3] Ausserdeem war hie schonn an de Jore virdru Gemengeconseiller zu Schieren.[4]

Den Nicolas Meris huet 1891 mat Aneren eng Zillefabrick zu Colmer-Bierg iwwerholl, déi zanterdeem Ziegelei Meris & Cie, Diekirch geheescht huet. Si huet bis 1911 bestanen.[5] De Meris war och Hotelsbesëtzer.[3]

Well hie fir d'Schoulgesetz vun 1912 gestëmmt hat, huet de Bëschof him e kierchlecht Begriefnes verbueden[3].

Remove ads

Referenzen

  1. MERIS, Nicolas. www.luxracines.lu. Gekuckt den 09.06.2020.
  2. Avis mortuaire, Nicolas Meris. www.eluxemburgensia.lu. Tageblatt (7. Juni 1915) Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt den 09.06.2020.
  3. Großherzogtum. In: Obermosel-Zeitung, 36. Jg., nº 47 (08.06.1915), p. 3. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. Meris Nicolas, Colmarbrück - Colmar-Pont. industrie.lu (nogekuckt: 15.12.2025.
  5. Fabrique de produits céramiques L. Lejeune & Cie. industrie.lu (nogekuckt: 15.12.2025).
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads