Nicolas Rollinger

lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Nicolas Rollinger, gebuer zu Ettelbréck den 28. Mee 1894, a gestuerwen den 13. Juni 1958 um Lampertsbierg[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Schonn a jonke Jore war den Nicolas Rollinger an de kathoulesche Jugendveräiner an am Scoutismus aktiv.

No sengem Secondaire an der Industrieschoul an enger kuerzer Zäit bei der Eisebunn war hie Matgrënner vun der „Fortuna“, enger Spuergesellschaft, déi uganks d'Jugendverbänn ënnerstëtze sollt, méi spéit awer zou engem bedeitende Geldinstitut fir d'Familljen an de Mëttelstand gouf[2].

Vun 1935 bis 1936 war hie Member vum Gemengerot an der Stad Lëtzebuerg.

1945 hat hie sech nach eng Kéier fir d'CSV bei de Walen opgesat a gouf erëm an de Gemengerot gewielt; zwéi Joer méi spéit (1947) gouf hie Schäffen.

Hie gouf bei de Partielle Chamberwale vum 3. Juni 1951 eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Zentrum an d'Chamber gewielt a bei den allgemenge Chamberwale vum 30. Mee 1954 erëmgewielt[3].

Remove ads

Gielercher[1]

No him benannt

  • Duerch Beschloss vum Stater Gemengerot vum 26. Oktober 1987 gouf eng Strooss um Zens no him benannt: rue Nicolas Rollinger (PLZ: 2433). Se verbënnt d'rue des Pommiers mat der rue de Trêves.
  • De "Chalet Nicolas Rollinger" vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten um Neihaischen.

Referenzen

  1. Doudesannonce vum Nicolas Rollinger. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (16 Juni 1958). Gekuckt den 10.01.2023.
  2. Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.59-60.
  3. BULLETIN DE DOCUMENTATION - No 6 7e Année Luxembourg le 30 juin 1951 Distinctions honorifiques conférées à l'occasion de la visite officielle à Luxembourg de Sa Majesté la Reine et de Son Altesse Royale le Prince des Pays-Bas pp. 131ss.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads