Nicolas Simmer
lëtzebuergeschen Enseignant an Auteur. From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Nicolas Simmer, gebuer de 7. Abrëll 1877 zu Keel a gestuerwen den 3. Februar 1945 am KZ Dachau[1][2], war e lëtzebuergeschen Enseignant an Auteur.
Remove ads
Liewen
Nodeem den Nicolas Simmer mat sengem Studium op der Sorbonne zu Paräis fäerdeg war, gouf hie Professer am Dikrecher Kolléisch. Hie gouf méi spéit Schoulinspekter an dunn, 1920, Direkter vun der Normalschoul an der Stad.
Absënns wéinst senger patriotescher Haltung huet den däitschen Okkupant fonnt, de Simmer wär e Risiko beim Duerchsetze vun den nationalsozialisteschen Iddien am Enseignement an hie gouf Enn 1940 als Direkter vun der Normalschoul ofgesat. Den 21. Abrëll 1943 gouf e vun der Gestapo verhaft a koum uganks an d'Prisongen an der Stad an zu Tréier. Méi spéit, am Mee 1944, gouf hien an d'KZ vun Natzweiler an am September 1944 op Dachau verluecht. Ëm Chrëschtdag 1944 koum hien an e Block an deem en un Typhus erkrankt ass[3].
Engem Artikel am Luxemburger Wort no, wär den Nicolas Simmer véier Deeg viru sengem Doud – wéi e schonn um Stierwe louch – vu senge Lëtzebuerger Frënn mat falsche Pabeieren heembruecht ginn, wou en dunn ëmgi vu senge Frënn den 3. Februar 1945 gestuerwen ass[3][4]; aner Quelle ginn d'KZ Dachau als Doudesplaz un[2].
Remove ads
Wierk (Auswiel)
- Simmer, Nicolas. Madame Ackermann, sa vie et son oeuvre. Diekirch: J. Schroell, 1907. Print.
Éierungen
Fir un den Nicolas Simmer z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 24. Februar 1956 decidéiert, eng Strooss am Quartier Belair-Nord no him ze nennen: d'Rue Nicolas Simmer[5].
Um Spaweck
| Commons: Nicolas Simmer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- (lb) Avis de décès 1 Page 4. D’Unio’n, 2. Jg., nº 64, S. 4. (09.06.1945). Gekuckt den 30.09.2024.
- (de) Beck, Fanny, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu (2004). Gekuckt den 30.09.2024.
- (fr) NICOLAS SIMMER. Luxemburger Wort, 1945. Jg., nº 165, S. 2. (14.06.1945). Gekuckt den 30.09.2024.
- Am Artikel vum Luxemburger Wort (14.06.1945) steet engersäits « Le Directeur de l'Ecole Nonnale d'instituteurs est mort au KZ » an zum Schluss vum Artikel « II mourut ainsi chez ses bien-aimés compatriotes … ».
- (fr) Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt den 29.09.2024.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads