Nieren
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Nieren, heiansdo och Stëllen, ass de Prozess, bei deem e Puppelchen oder klengt Kand mat Broschtmëllech gefiddert gëtt. Meeschtens ass et d'Mamm, déi hiert eegent Kand fiddert; et kann awer och vun enger anerer Fra, déi Broschtmëllech produzéiert, geniert ginn.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat Ernierungsprozess. Fir d'Organ, kuckt wgl. Nier. |

D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an d'UNICEF recommandéieren, Bëbeeën an der éischter Stonn no hirer Gebuert ze nieren a se an den éischte sechs Méint vun hirem Liewen ausschliisslech ze nieren, ouni hinnen aner Narung oder Flëssegkeeten ze ginn, net emol Waasser. De Puppelchen soll esou dacks geniert ginn, wéi d'Kand dat well, Dag an Nuecht. Wann d'Kand méi wéi sechs Méint al ass, roden déi zwou Institutiounen, datt et zousätzlech zum Nieren nach passend Zousaznahrung soll consomméieren, an dat bis zum Alter vun zwee Joer oder méi laang.[1] De Lëtzebuerger Gesondheetsministère huet déi Recommandatiounen iwwerholl.[2]
D'Nieren huet eng ganz Rei Virdeeler. D'Mammemëllech ass déi optimal Narung fir de Wuesstem, d'Entwécklung an d'Gesondheet vum Bëbee, a schützt e virun Infektiounen. Si reduzéiert och d'Risiko op Asthma an op Allergien a wierkt sech preventiv op eng spéider Entwécklung vun Iwwergewiicht an der Zockerkrankheet aus. Och fir d'Mamm huet d'Niere wichteg Virdeeler; esou reduzéiert d'Niere bei hir de Risiko op Broscht- an Eeërstackkriibs, a schützt virun Diabetes (Typ 2) a viru Häerzkreeslaf-Erkrankungen.[3]
Zu Lëtzebuerg huet eng Mamm, déi Vollzäit schafft, d'Recht op zwou Pause vu jee 45 Minutte pro Dag, fir hiert Kand ze nieren. Dofir musse si eng schrëftlech Demande bei hirem Employeur areechen.[3]
Remove ads
Méi Informatiounen
- D'Broschüre Stillen von A bis Z (op Däitsch) a L'allaitement de A à Z (op Franséisch) vun der "Initiativ Liewensufank"
Um Spaweck
| Commons: Nieren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- (fr) Allaitement maternel - Recommandations. Weltgesondheetsorganisatioun. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- (de) (Allaitement) Stillen. santesecu.public.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- (lb) Woch vum Stëllen zu Lëtzebuerg: stëllen a schaffen ass méiglech!. gouvernement.lu (3. Oktober 2023). Gekuckt den 22. Januar 2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
