Norbert Sinner
lëtzebuergesche Vëlossportler, Autoscoureur an Olympionik From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Norbert Sinner, gebuer de 5. Abrëll 1907 zu Leideleng, a gestuerwen den 9. November 1945 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler, Autoscoureur an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam als Vëlossportler bei der Course op der Strooss vertrueden.[2]
Hien ass och Cyclo-Cross gefuer.
Hie war och Autoscoureur wou hien am Ufank vun den 1930er Jore bei Bierg- an op Circuitscoursse mat verschiddenen Autoe vun der Mark Bugatti matgefuer ass.
Zu der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich war den Norbert Sinner Ueleg-Grossist. Hie war ee vun den éischte Membere vun der VdB (Membersnummer 30) a gouf du Member vun der NSDAP a Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Am Oktober 1940 gouf en Ortsgruppenleiter vun Hollerech a war dat bis de September 1944.[3]
Nom Zweete Weltkrich gouf hien als Nazi-Kollaborateur zum Doud verurteelt an higeriicht.[4]
Remove ads
Referenzen
- Den Norbert Sinner op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeois des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 04.06.2011.
- Escher Tageblatt, 14. September 1945, S.1.
- Informatioun iwwer den Doud vum Norbert Sinner op der Websäit www.siteducyclisme.net
Justice est faite. Escher Tageblatt 1945, Nr. 256 (10. November), S. 1.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads