Nos cahiers
lëtzebuergesch Kulturzäitschrëft From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
nos cahiers - Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur ass eng lëtzebuergesch Kulturzäitschrëft, déi vun 1980 bis 2020 an den Éditions Saint-Paul publizéiert gouf. Déi éischt Nummer koum den 30. Abrëll 1980 eraus[1]. Zënter 2021 gëtt d'Zäitschrëft vu Print Solutions editéiert. Fir den Inhalt ass ee Redaktiounscomité vun onofhängege Benevole verantwortlech .[2]
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft nos cahiers. Fir d'Zäitschrëft mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Les Cahiers luxembourgeois. |
D'Presidente vum Redaktiounscomité waren noeneen de Pierre Grégoire, de Christian Calmes a vun 1995 un de Georges Goedert[3][4]. nos cahiers sinn an d'Fousspuere vun enger anerer kultureller Publikatioun getrueden, der Academia, déi wärend dem Éischte Weltkrich vum kathouleschen Akadeemiker-Veräin AV/ALUC gegrënnt gi war[4].
nos cahiers gëtt vum Kulturministère subventionéiert[5].
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
- Hubert Hausemer, A propos de „nos cahiers“, Forum Nr. 41, S. 19
- Michel Delage, Nos Cahiers feiere 40 Joer, op www.100komma7.lu den 13. August 2020
Referenzen an Notten
- Luxemburger Wort, „Nos Cahiers" – „Vos Cahiers"... Eine neue luxemburgische Zeitschrift für Kultur stellt sich vor.. eluxemburgensia.lu (02.05.1980). Gekuckt de 15.12.2021.
- D'Quell dofir sinn d'Nummere vun nos cahiers selwer plus Informatioune vun engem Redaktiounsmember.
- Cf. z. B. 2011 (3/4), S. 2, Zesummesetzung vum Comité de rédaction
- Nos Cahiers feiere 40 Joer. radio 100,7 (13.08.2020). Gekuckt den 20.10.2021.
- (fr) Nos cahiers: Remise du numéro spécial "Luxembourg 20 ans UNESCO" au ministre de la Culture, Maggy Nagel. gouvernement.lu (12.11.2014). Gekuckt den 20.10.2021.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads