Omikron

Buschtaf From Wikipedia, the free encyclopedia

Omikron
Remove ads

Den Omikron (griichescht Neutrum, „klengen O“, kuerz gesprach, [vergläicht och Omega]; Majuskel Ο, Minuskel ο) ass de 15. Buschtaf vum griichescht Alphabet an hat bei den ale Griichen no dem milesescht Prinzip en numeresche Wäert vu 70.

Thumb
De griichesche Buschtaf “Omikron”

Urspronk

D'Zeeche kënnt vum phenizesche Konsonant Ajin, deem d'Griichen de Vokalwäert „o“ ginn hunn. Et ass ee vun de wéinege Buschtawen, bei deem d'Griichen de semitesche Buschtafnumm net iwwerholl hunn. Spéider hunn d'Griichen hir Alphabet ëm e puer Zousazbuschtawe vergréissert, vun deenen de leschte, den Omega (griichesch: groussen O) war. Aus dem Omikron huet sech iwwer d'etruskesch Schrëft dat laténgescht O entwéckelt, bei deem dunn de griichesche Buschtawenumm ewech gefall ass.

Remove ads

Gebrauch vum Omikron

An der Mathematik gouf e groussen Omikron vum Paul Bachmann 1892 fir d'Beschreiwung vun der Gréisstenuerdnung enger Funktioun gebraucht. Haut ass dës Notatioun ënner dem Numm Landau-Symbol bekannt a gëtt haut normalerweis als laténgescht O verstanen.

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads