P Cygni

Stär am Stärebild Cygnus From Wikipedia, the free encyclopedia

P Cygni
Remove ads

Bis an d'17. Joerhonnert war de Stär P Cygni onbekannt. Hie gouf fir d'éischt den 18. August 1600 vum Willem Blaeu, engem hollänneschen Astronom, Mathematiker a Kartograph observéiert. Sechs Joer laang ass de Stär dann ëmmer méi däischter ginn, bis een en am Joer 1626 net méi mat bloussem A konnt gesinn. Vu 1655 bis 1662 war en dann nees ze gesinn. Bis 1715 huet seng Hellegkeet dann ëmmer nees variéiert. Am Laf vun der Zäit krut hien du seng haiteg Hellegkeet vu 4,8 mag ± 0,5.

Stär
P Cygni
Thumb
D'Stärebild Cygnus
Stärebild:Cygnus (Cyg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun20h 17m 47,202s
Deklinatioun+ 38° 01' 58,55"
Visuell Magnitude4,8 mag;
variabel mat Amplitud
vun zirka 0,2 mag
Spektralklass:B1 Ia+
Astrometrie
Radialvitess:(−8,9 ± 0,8) km/s
Parallax? mas
Distanzzirka 6000 bis 7000 Lj
Absolut Hellegkeet−8,6 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass:30 bis 60 M☉
Radius:76 R☉
Liichtkraaft:560000 bis 900000 L☉
Uewerflächentemperatur18000 bis 20000 K
Aner Bezeechnungen
Bayer-BezeechnungP Cygni
Bonner DuerchmusterungBD +37° 3871
Bright Star CatalogueHR 7763
Flamsteed-Bezeechnung34 Cygni
Henry-Draper-KatalogHD 193237
Hipparcos-KatalogHIP 100044
SAO-KatalogSAO 69773
Tycho-KatalogTYC 3151/3442/1
soss nachNova Cygni 1600

De P Cygni ass en Hyperris mat der Spektralklass B2 Ia a läit zirka 6000 bis 7000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et ass ee vun den hellste Stären aus eiser Mëllechstrooss. Déi genee Bestëmmung vu senger Distanz ass schwiereg, well seng Parallax nëmmen 0,52 dausendstel Bousekonnen (Hipparcos-Miessung) ass.

Wéinst senge spronghaften Hellegkeetsschwankunge gouf de P Cygni och dacks als „permanent Nova“ bezeechent, woubäi säin tatsächlecht Verhalen awer net mam Verhalen vun enger richteger Nova iwwereneestëmmt.

Liichtkräfteg blo Verännerlecher wéi de P Cygni si ganz rar an hunn nëmmen eng kuerz Liewensdauer. Et fënnt ee s'och nëmmen an Deeler vu Galaxien, an deenen et intensiv Stäregebuertsprozesser gëtt. Wéinst hirer Mass (zirka 50 Sonnemassen) an dem intensiven Energieverloscht (zéngdausendmol méi hell wéi d'Sonn) ass de Kärbrennstoff vu sou Stäre séier um Enn. No en ettleche Millioune Joer stierwen déi Stären als Supernova. D'Supernova SN 2006gy war warscheinlech d'Enn vun engem LBV-Stär wéi de P Cygni.

No dësem Stär ass de P-Cygni-Profil vu Spektrallinne genannt.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads