Panzerkräizer Potemkin
Film vum Sergei Eisenstein (1925) From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Bronenossez Potjomkin (cyrl: Броненосец Потёмкин, ltz. "Panzerkräizer Potemkin") ass e Stommfilm vum Regisseur Sergei Eisenschtein aus dem Joer 1925.

Remove ads
Ëm wat geet et am Film?
D'Handlung ass fiktiv, mä baséiert op engem Evenement aus dem Joer 1905, an zwar op der Revolt vun der Equipage géint déi "zaristesch" Offizéier, um russesche Krichsschëff, Knjas Potjomkin Tawritscheski, genannt nom Fürst Grigori Potjomkin,
Den Eisenstein huet an deem Film, deen am Stil vun der kommunistescher Propaganda gehalen ass, seng Theorië vun der Filmmontage getest, mat deenen hien eng méiglechst staark emotional Reaktioun beim Publikum ervirruffe wollt. Säin Experiment war e grousse Succès, souwuel beim Publikum wéi och bei de Filmtheoretiker, déi seng zum Deel nei Iddien approuvéiert hunn.
Déi bekanntst Zeen aus dem Film ass déi vum Massaker op der Trap fir erof an den Hafe vun Odessa: "Zaristesch" Zaldote marschéiere am Takt wéi Maschinnen eng Trap erof déi keen Enn ze hu schéngt, woubäi se onbarmhäerzeg an d'Leit schéissen, déi zesummekomm ware fir de revolutionäre Matrouse vum Panzerschëff Potjomkin hir Sympathie auszedrécken. Nodeem se och eng Mamm erschoss hunn, rullt där hir Kannerkutsch déi freeschlech laang Trap erof. Déi Trapenzeen fënnt een zanterhier an anere Filmer erëm, ënner anerem am Francis Ford Coppola sengem The Godfather, dem Brian De Palma senger Versioun vun The Untouchables an dem Woody Allen sengem Kaméidisfilm Bananas.
Remove ads
Filmkritik an der Press
De Film gouf an den 1950er Jore vum brittesche Kinosmagazin Sight and Sound, als "Beschte Film vun allen Zäiten" gelueft.
Um Spaweck
![]() |
Commons: Bronenossez Potjomkin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads